Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wahle vun der zweeter Chance

Europawahlen

D'Wahle vun der zweeter Chance

Wéi getrennt sinn d'Chamber- vun den Europawahlen, nodeems se elo net méi op den nämmlechten Datum falen? Kann ee Politiker sech bei deenen engen opsetzen, an da jee no Resultat, dono bei deenen anere säi Gléck probéieren? Déi meescht Parteien schéngen dat net auszeschléissen. Ass dat Bedruch um Wieler? Zanter datt déi zwou Wahlen decaléiert sinn, gëtt et op alle Fall nees méi Spillraum fir taktesch Spiller.

auto_stories

6 min

30 Joer laang louchen zu Lëtzebuerg d'Europa- an d'Chamberwahlen op deem nämmlechten Datum. Ganz uewen op de Lëschte vun de Kandidate fir déi zwou Wahle konnt een deemools dacks déi nämmlecht Nimm liesen. Nach 2004 war de Jean Asselborn, genee ewéi de Jean-Claude Juncker, duebele Spëtzekandidat, emol fir d'Chamber- an emol fir d'Europawahlen.

2009 si sech dunn CSV, LSAP, DP an déi Gréng eens ginn, déi zwou Lëschten ze trennen. D'Kandidate konnte sech just nach op enger Lëscht opstellen.

"No de Nationalwahle kucke mer virun"

D'Regierungskris an d'Neiwahle vun 2013 hunn dee System awer nees duercherneebruecht. Zanterhier sinn déi zwou Wahlen decaléiert. Dat heescht awer net, datt se näischt méi mateneen ze dinn hätten. Am Contraire. "Ech waarde mol d'Nationalwahlen of an da kucke mer virun". Dat soen d'Europadeputéiert Georges Bach a Mady Delvaux, déi nach net definitiv decidéiert hunn, ob si sech en engem Joer nees fir d'Europawahlen opsetzen. Kloer ass bei deenen zwee, datt si net bei de Chamberwahle kandidéieren.

Spillen d'Europawahlen zweet Gei?

Mee muss oder soll ee Politiker sech do decidéieren? Am Prinzip jo, seet de Frank Engel, Europadeputéierte vun der CSV. Dowéinst hätt hie sech ëmmer dofir agesat, béid Wahlen ze trennen.

"Ech kämpfe scho laang ier ech op enger Europalëscht kandidéiert hunn dofir, datt d'Europawahlen eng eegen Opmierksamkeet kréien", sou de Frank Engel. Dofir géif hien et "net super" fannen, "wa Leit op der enger an dann op där anerer Lëscht kandidéieren". Wéi d'Wahlen nach um nämmlechten Dag waren, "gouf dat dono esou Package an dann hu mer dono gekuckt wie wou geet", beschreift hien déi fréier Praxis.

De Frank Engel fënnt awer och, datt ee Politiker soll kënnen de Parcours wiesselen. Fir sech selwer schléisst hien net aus, eemol mat an d'Nationalwahlen ze goen.

Demissioun mat oppenem Enn

Déi Decisioun huet d'Viviane Reding geholl. Si huet Wëlles, no sechs Mol Europawahlen elo bei de Chamberwahlen ze kandidéieren. "Ech hunn eng kloer Decisioun geholl an ech wäert an de nächsten Deeg meng Demissioun am Europaparlament areechen. Ech wollt kloer soen, ech halen op mam Europaparlament an ech gi mat an d'Chamberwahlen."

Wéi kloer ass déi Decisioun? Op eis Nofro, ob dann domat eng Kandidatur bei den Europawahlen ausgeschloss ass, seet d'Viviane Reding: "Dat ass elo mol fir dëst Joer, wat dono weider passéiert, weess ech net." Si kéint sech elo net festleeën a virausgesinn, wat an Zukunft wäert kommen. Also engersäits eng kloer Decisioun, mat anerersäits nach oppenem Ausgang. Ass dat dem Wieler géigeniwwer dann an der Rei? D'Fro un de Frank Engel. Säin Uerteel ass net kategoresch.

"Dat muss jidderee mat sech selwer ausmaachen"

"Ech soe fir mech selwer, datt ech et gutt a richteg fannen, datt ee sech a priori decidéiert an net elo un där enger Wahl, a sechs Méint drop un enger anerer deel hëlt", sou de Frank Engel. "Dat muss awer am Endeffekt jidderee mat sech selwer ausmaachen. Do gëtt et jo keng geschriwwe Regel." Et wier "um Wieler ze decidéieren, ob en gutt fënnt".

Déi Gréng hu sech bis elo kloer dofir ausgeschwat Chamber- an Europawahlen ze trennen. De laangjäregen Europadeputéierte Claude Turmes wiesselt elo bekanntlech an d'Regierung, hien trëtt am Hierscht fir d'Chamberwahlen un.

Claude Turmes net méi bei Europawahlen derbäi

Wann e gewielt gëtt, bleift hien och do, erkläert de Claude Turmes: "Ech triede mat Sécherheet net bei de nächsten Europawahlen un". Och net, wann déi Gréng net méi an der Regierung sinn, an och net wann ee Kommissärsposten an Aussicht wier? Och dann, sou d'Äntwert. Politik misst kloer sinn, hie géif elo no 19 Joer aus dem Europaparlament eraus. "Dat war eng ganz schéin Zäit hei, mee ech wäert net nach eng Kéier bei Wahlen untriede fir d'Europaparlament".

Dat schéngt also kloer ze sinn. Kloer ass och, datt den DP-Europadeputéierte Charel Goerens 2019 fir d'Europawahle kandidéiert. Hien hat 2013 een Zickzack-Parcours gemaach an hat sech d'éischt fir d'Chamberwahlen opgesat, dono awer op säi Mandat verzicht an decidéiert, am Europaparlament ze bleiwen.

Charel Goerens gouf net vum Wieler bestrooft

Hie bezeechent sech selwer als "gebranntent Kand". Wann hie virdru wier, géif en net nach eng Kéier bei den Europawahle kandidéieren. Och hien ass dofir, datt ee sech kloer fir eng vun den zwou Carrièren decidéiert. "Wann een de Choix gemaach huet, da soll ee sech dee Kontext an dee Kader eraussichen, wou een am beschten seng Iddien no vir brénge kann. Fir mech ass dat ganz kloer d'europäescht Parlament".

Dofir, wéi een déi zwou Wahlen an Zukunft besser vuneneen trenne kann, huet de Charel Goerens kee Patentrezept. "Et kann ee kengem verbidden, seng Chance op enger anerer Plaz ze probéieren. Deejéinege ka jo ëmmer probéieren, vum Wieler ee Optrag ze kréien", seet de Charles Goerens. Dem Charel Goerens hunn d'Wieler seng Expeditioun an d'Nationalwahlen net iwwel geholl. Hien hat bei den Europawahlen 2014 mat knapps 83.000 Stëmmen dat zweet beschte Resultat vun allem Kandidaten.

Parteie waarden Nationalwahlen of

Mécht de Wieler also um Enn selwer guer keng esou eng Trennung? Dach, seet den CSV-Europadeputéierte Georges Bach, deen och fënnt, datt sech de Politiker decidéiere sollt, wou e sech opstelle wëll. "D'Leit hunn déi taktesch politesch Spillercher sat. Si wëlle wësse wou ee si verdeedege geet." Et wier net akzeptabel, datt, "wann ech hei net richteg viru kommen, ech och nach gären op enger anerer Lëscht matginn".

Allerdéngs bleift och fir hien ee Lien mat den Nationalwahle bestoen. Schonn eleng, well d'Parteien hir Lëschten eréischt dono opstellen.

Kontradiktioune bleiwen

D'LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux huet iwwer 20 Joer Erfarung an der nationaler Politik Opweises, zanter 2014 ass si am Europaparlament. De Politiker sollt verschidden Optiounen hunn, de Wieler soll awer och wësse wou en drun ass, seet si. Et wier wichteg, datt de Wieler wéisst, "datt wann ech fir ee stëmmen, deen dann dat Mandat och unhëlt. Dat ass dat, wat d'Wieler sech kënne vun de Politiker erwaarden".

Trotzdeem soll ee Politiker kënne no de Chamberwahlen "en Fonction" vun de Wahlresultater decidéieren, awer fir d'Europawahlen ze kandidéieren. Domat hätt si kee Problem, sou d'Mady Delvaux.

Op d'Fro, ob dann net hei de Wieler, deen de Politiker jo awer an d'Chamber geschéckt hat, bedru gëtt, seet d'Mady Delvaux: "Vu datt déi zwou Wahle getrennt sinn, weess de Wieler jo ganz genau wien hie wiele kann a wat deem seng Deklaratioune virdru waren a wat se dono sinn. De Moment vun de Wahle weess de Wieler also wou en drun ass."

Eng gewëss Kontradiktioun bleift, net nëmme bei dëser Argumentatiounen. Op mannst bei de Chamberwahle ka sech de Wieler wuel net sécher sinn, ob net deen een oder anere Kandidat dono awer nees op enger Europalëscht opdaucht. Domat muss en da wuel liewen.