Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wantersonnewend

Fräie Mikro

D'Wantersonnewend

Am Fräie Mikro vun haut invitéiert de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg (der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker), Iech d'Wantersonnewend als ee spezielle Moment vun der Verbonnenheet an der Nodenklechkeet ze notzen, fir Bilan ze zéien iwwer dat vergaangent Joer a fir, mat anere Mënschen zesummen, Pläng fir dat neit Joer ze maachen.

auto_stories

3 min

De Bob Reuter ass President vun AHA Lëtzebuerg. Foto: Archiv

D'Wantersonnewend den 21. Dezember markéiert de kierzesten Dag an déi längsten Nuecht vum Joer an ass e groussen Dréipunkt an der Natur. Se gouf zanter Joerhonnerte vu verschiddene Kulturen als Zeeche vum Enn vun der Däischtert an dem Ufank vum neie Liewe gefeiert. Effektiv ass d'Wantersonnewend fir vill Leit eng Zäit vu Reflexioun an Erneierung, wou se de Bilan vum vergaangene Joer a Pläng fir d'Zukunft maachen.

Zäit fir nozedenken

Och fir vill Humanisten ass d'Wantersonnewend e spezielle Moment vun Erënnerung un den natierlechen Zyklus vum Liewen, un eis eegen Endlechkeet a un d'Wichtegkeet fir Sënn an Zweck an eisem eegene Liewen ze fannen.

Et ass eng Zäit fir d'Schéinheet vun der Natur ze feieren, d'Verbonnenheet, déi mir mat aneren hunn ze schätzen, eis bewosst ze ginn, datt d'Zäit vergeet a mir méi al ginn a fir iwwer eist Handelen nozedenken an et op Vernonft, Matgefill an Empathie auszeriichten.

Déi bevirstoend Feierdeeg stëmme mech dëst Joer besonnesch nodenklech, wann ech un all déi Krisen denken, déi eis de Moment beschäftegen: de Krich vu Russland géint d'Ukrain, d'Klimakatastroph, de massive Verloscht u Biodiversitéit, d'Schéier tëschent Aarm a Räich, déi ëmmer méi grouss gëtt, d'Ugrëffer op de Rechtsstaat an op d'Demokratie, d'Verletzunge vu Mënscherechter am Iran, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Alles dat sinn eescht Problemer, déi d'Zukunft vun der Mënschheet betreffen a fir déi mer Léisunge fanne mussen.

Sech mat aneren zesummeschléissen

An esou Zäite kann et hëllefräich sinn, fir sech mat anere Mënschen zesummenzeschléissen an zesummen no Léisungen ze sichen. Och den Engagement fir déi eegen Iwwerzeegungen an d'Ënnerstëtzung vun Organisatiounen, déi sech fir Fridden, Solidaritéit, Gläichheet, Nohaltegkeet, Gerechtegkeet, Demokratie a Mënscherechter asetzen, kann dozou féieren, datt ee sech manner eleng an hëlleflos fillt an d'Impressioun huet eppes ze beweegen.

Et ass wichteg, datt mer eis den Erausfuerderungen, deene mer entgéint stinn, stellen a versiche positiv Verännerungen erbäizeféieren, och wann dat schwéier erschénge kann.

Als Humaniste vertraue mir drop, datt mir Mënschen zesumme Léisungen entwéckele kënnen a Problemer léise kënnen, andeems mir d'Problemer mat Vernonft an Empathie uginn a selbstbestëmmt Verantwortung iwwerhuelen anstatt drop ze hoffen, datt ee Wonner passéiert, een eis seet, wéi mir ze handelen hunn, oder datt een eis eis Schold ofhëlt.

An deem Sënn wënschen ech Iech schéin an nodenklech Feierdeeg an ee gudde Start an d'neit Joer.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.