Radioen

On air

De Moien  |  Motel Club - Sur Le Fil (feat. Celia Kameni)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Weltklimakonferenz zu Sharm El Sheikh huet ugefaangen

COP27

D'Weltklimakonferenz zu Sharm El Sheikh huet ugefaangen

D'Weltklimakonferenz zu Scharm el-Scheich ass ënnerwee. Um Roude Mir an Ägypte gëtt elo zwou Woche laang negociéiert fir ze probéieren d'Versprieche vum Paräisser Klimaofkommes anzehalen. D'Äerderwiermung op 1,5 Grad Celsius ze limitéiere bleift méiglech, mee just wann all d'Decisioune vu Glasgow lescht Joer och nach eng Kéier confirméiert ginn. Dorëms geet et zum Deel op dëser COP27.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et ass vläicht kee gutt Zeeche wa schonn den Dag virum offiziellen Ufank vun dëser Weltklimakonferenz bis spéit an d'Nuecht negociéiert gëtt. Et goung drëms op ee spezifesche Sujet iwwerhaapt an d'Agenda fir d'COP27 kënnt oder net. Et gëtt op dësen UN-Klimakonferenzen ëm all Komma diskutéiert, esou ass dat wa bal 200 Länner probéieren op e gemeinsamen Nenner ze kommen, fir da kënnen zwou Woche méi spéit en Text ze ënnerschreiwen, deen dann e richtegen Impakt op d'Äerderwiermung soll hunn.

Schued a Verloscht kompenséieren

D'Theema dat offiziell elo op der Agenda steet, heescht "loss and damage", Verloscht a Schued. Hei geet et ganz einfach drëms, datt déi Länner déi scho wéinst dem Klimawandel leiden an net dofir responsabel sinn, och dofir kompenséiert ginn, vun de méi groussen, räichen, an industrialiséierte Länner. Dofir soll e Fong geschafe ginn. Datt dat Theema elo op héijen Niveau diskutéiert gëtt, ass e gutt Zeechen, soen déi meescht Leit, och wann zwou Nuechte laang negociéiert gouf.

Ënnert deene bal 200 Länner gëtt et gréisser Gruppéierunge vu Länner - ganz klenger och - déi déi soss op internationalem Niveau net esou dacks zu Wuert kommen, an anerer déi eben e groussen Deel vun der Schold fir de Klimawandel droen. Déi zwee gréisst Produzente vun Zäregaser sinn d'USA a China. De sougenannte globale Süde wëllt datt de globalen Norde méi fir d'Schied vum Klimawandel bezilt. Dat ass eent vun de groussen Theemen op dëser UN-Weltklimakonferenz.

UNO: Kricher halen op, de Klimawandel bleift

Hei zu Scharm el-Scheich sinn e Sonndeg schonn de ganzen Dag d'Fligere vun de Staats-a Regierungscheffe gelant. Déi meescht kommen, mee grouss Nimm wéi Xi Jinping a Wladmir Putin feelen. Russland huet aner Prioritéiten den Ament, a vill aner Länner och. D'Angscht vun der UN a vun der ägyptescher COP-Presidence ass datt d'Energiekris, déi ekonomesch Kris, an haaptsächlech déi russesch Invasioun an der Ukrain och an de Käpp vun de Staatscheffen dominéieren. Mee d'Argument vun der UNO ass datt Kricher ophalen, de Klimawandel awer bleift an ëmmer méi schlëmm gëtt.

Dëse Méindeg an Dënschdeg komme si all fir fënnef Minutten zu Wuert, och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. D'Delegatioun ass schonn an Ägypten. Lëtzebuerg negociéiert hei, wéi op all de Weltklimakonferenzen, am Numm vun der Europäescher Unioun.