Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wiederkapriolen 2018

Joresréckbléck

D'Wiederkapriolen 2018

Tëschent Juni an August hu verschidde Wiederkonditioune fir Chaos a Schied zu Lëtzebuerg gesuergt. Nieft den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall a weideren Deeler vum Land, hunn och déi héich Temperature fir aussergewéinlech Wiederkonditioune gesuergt.

auto_stories

3 min

D'Iwwerschwemmunge waren éischt Signaler, déi op e Summer mat extreme Wiederkonditiounen hiweise sollten. Den 1. Juni koum et zu staarkem Nidderschlag am Grand-Duché, woubäi virun allem am Oste vum Land, virop am Mëllerdall, Iwwerschwemmunge fir vill Schued gesuergt hunn.

Eng betraffe Persoun huet deemools erzielt, datt si vun hallwer dräi u waakreg a virun der Dier gewiescht wier. "Dunn hu mir aus der Fënster gekuckt, an dunn ass den Auto schonn an der Strooss geschwommen. Wéi mir dann erofkoumen, do stoung d'Waasser schonn ee Meter am Haus, an dobanne war alles futti."

Séier Hëllef duerch d'Cellule de crise

Den Dan Kersch, deemolegen Inneminister, war op der Plaz, fir sech e Bild ze maachen an huet dobäi en éischte Constat gemaach. Et hätt een eng Cellule de crise gemaach, déi ee fir esou Fäll virgesinn hätt. Doduerch hätt een och kënnen esou séier Hëllef lassschécken.

"De Mëtteg wäerten och nach Truppe vun der Arméi komme fir ze hëllefen opzeraumen an da sinn natierlech och nach déi laangfristeg Schied ze erwaarden, un de verschiddene Stroossen, déi méi laang wäerten zou bleiwen." Wichteg wier et, fir d'Waasserversuergung esou séier wéi méiglech erëm ze garantéieren.

Zéng Deeg méi spéit sollte weider Schaueren iwwer d'Land kommen an am Süde vum Land - virop op den Autobunnen - fir Chaos suergen, sou datt d'Rettungsdéngschter dacks hu missten intervenéieren. 200 Pompjeeë waren deemools am Asaz gewiescht, a 15 Gemenge ware betraff.

Klimawandel ass och zu Lëtzebuerg ukomm

Fir d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt hunn déi Wiederkapriolen eng kloer Ursaach. Et misst een net vum Fach si fir ze mierken, datt een ëmmer méi dacks staarke Reen hätt. Ugefaangen hätt dat am Mee a Juli 2016, net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och an den Nopeschlänner.

"Also ech menge mir sinn am Klimawandel definitiv ukomm", esou d'Christine Bastian. D'Waasserwirtschaftsamt hätt 2014 Etüde gemaach, an déi hu "relativ kloer gesot, datt mir méi dacks esou extrem Reenevenementer am Summer wäerte kréien."

Den zweetwäermste Summer zanter 1947

Nieft dem Reen huet sech de Klimawandel awer och a Form vun der staarker Hëtzt de Summer iwwer bemierkbar gemaach. Meteo-Lux huet an deem Kontext den zweetwäermste Summer zanter 1947 registréiert, dat mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 20,1°Celsius. Wiederkonditiounen, déi sech och op de mënschleche Kierper reperkutéieren.

De Pierre Weicherding, Chef de Division um Gesondheetsministère stellt fest, datt an de lescht Joren d'Duerchschnëttstemperatur ni esou héich war, wéi 2018. "Mee all kéiers wann d'Duerchschnëttstemperatur iwwer 23°C gaange sinn, dann hate mir och Entréeën an de Spideeler an deem Beräich." D'Wieder 2018 wier also vergläichbar mat de Jore virdrun, mee dëst Joer hätt et just méi laang gedauert.

Och Bauere ware betraff

D'Hëtzt huet awer och en Impakt op d'Aarbecht vun de Bauere gehat. Grond heifir wier ënner anerem de Präis vum Waasser gewiescht, wéi de Geméisbauer Nikki Kirsch Ufank August am 100,7-Interview erzielt huet: Vill Geméis, wéi Zalot, kéint een nëmme mat Sprengeren nätzen, an dofir bräicht ee ganz vill Waasser, well duerch d'Hëtzt géif scho ganz vill verdonsten. Weider wier d'Waasser generell fir de Geméis- an Uestbau einfach ze deier, seet den Nikki Kirsch.

Fir op d'Dréchent an domat op d'Ertragsausfäll vun de Baueren ze reagéieren, hat déi europäesch Kommissioun am August ugekënnegt, d'Ausbezuelen vu Subsiden un déi concernéiert Baueren, dorënner och Baueren zu Lëtzebuerg, virzezéien.