Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nubiyan Twist - Lights Out Feat. Nile Rodgers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zil fir Tokio 2020: Op de Podium

Paralympics 2020

D'Zil fir Tokio 2020: Op de Podium

De Liichtathlet Tom Habscheid weist sech "extrem erliichtert", datt hien d'Qualifikatioun fir d'Paralympic Games 2020 zu Tokio an der Täsch huet. Elo kéint hie sech un den Opbau fir d'Spiller d'nächst Joer maachen.

auto_stories

2 min

Den Tom Habscheid huet bei der Paraweltmeeschterschaft e Sonndeg zu Dubai d'Sëlwermedail am Kugelstousse gewonnen, mat engem neie Weltrekord vu 15,10 Meter a senger Kategorie. Domat huet hie sech fir déi Paralympesch Summerspiller 2020 zu Tokio qualifizéiert.

"Dat gëtt e ganz haart Joer"

D'Virbereedungszäit wäert ustrengend ginn, meng den Tom Habscheid: "Dat gëtt e ganz haart Joer. Et ass net méi all ze laang. Dës Woch hunn ech nach Paus an d'nächst Woch fänke mir den Opbau un." Duerch déi spéit WM hätt den Tom Habscheid zwee Méint Opbau verpasst:

"Normalerweis hätt ech am Januar eng Wantersaison: déi Wantersaison, mir zéien déi aus dem Training einfach duerch, mir kënnen do kee spezielle Meeting preparéieren. An da geet et am Februar an e Stage. Am Mäerz geet d'Saison da lass. Ech kennen de Programm nach net genee fir d'nächst Joer, mee ech menge mir fänke mam Dubai-Weltcup erëm un, wéi all Joer."

Bei de Spiller 2016 zu Rio ass den Tom Habscheid op déi siwent Plaz komm. Fir d'Summer-Paralympics 2020 zu Tokio huet hie sech kloer d'Zil gesat, et op de Podium ze packen.

Respekt an Unerkennung

Een Thema am Interview war och d'Fro, ob et hei am Land genuch Unerkennung a genuch Respekt fir de Behënnertesport gëtt? Den Tom Habscheid mengt, datt säi Sport scho respektéiert gëtt, datt dat awer net fir all Sportaart am Behënnertesport géif gëllen: "Mee ech mengen esou ass et och bei normale Sportaarten.

Zum Beispill verschidde Leit brénge kee Verständnis fir Keelespillen op oder fir Bouschéissen oder fir Schéissen am Allgemengen.". Et géifen awer och bestëmmt Leit ginn, déi säi Sport net eescht géifen huelen, esou den Tom Habscheid.