Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun der Aarbecht

Riicht eraus

D'Zukunft vun der Aarbecht

Déi drëtt industriell Revolutioun mat der Digitaliséierung vun der Wirtschaft verännert net nëmmen d'Ekonomie, mä werft och vill Froen op an der Aarbechtswelt. Et géing u Leit feelen, déi genuch digital Kompetenzen hunn. Duerfir soll et een individuellt Recht op Weiderbildung ginn.

auto_stories

5 min

D'Rifkin-Etüd hätt de Merite, datt se zu Lëtzebuerg zu enger globaler Reflexioun iwwert déi gesellschaftlech Revolutioun, déi d'Digitaliséierung mat sech bréngt, gefouert hätt, sot den Aarbechtsminister Nicolas Schmit. Dee ganzen Defi vun der drëtter industrieller Revolutioun wier deen, fir a punkto Wirtschaft an Ëmweltschutz virunzekommen. Domat kéint een déi gutt sozial Ofsécherung, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, bäibehalen. Där Meenung ass de President vun der Chambre de Commerce, de Michel Wurth.

Individuellt Recht op eng Weiderbildung

Déi eenzel Persounen, déi hire Beruff wiessele wëlle, misste méi Méiglechkeeten ugebuede kréien, fir sech weiderzebilden, seet de President vun der Chambre des Salariés. Steierlech Moossnamen, Subventiounen an eng aner Reegelung vun der Aarbechtszäit missten an d'A gefaasst ginn, esou de Jean-Claude Reding. Fir d'éischt misst d'Regierung ee Kader setzen an dono kéinten d'Personaldelegatiounen an de Betriber mat den Direktiounen doriwwer diskutéieren.

Och fir Pensionéierter misst et ee Formatiounsplang ginn. Déi ëffentlech Servicer wieren ëmmer méi digitaliséiert an domat misst jidderee mat u Bord geholl ginn, seet den Jean-Claude Reding.

Den Aarbechtsminister wëllt een neie Modell schafen, mam Zil, datt all d'Bierger, onofhängeg vun hirer Aarbecht, d'Méiglechkeet kréien, sech weiderzebilden. Dofir misst een iwwert dat allgemengt Recht op Weiderbildung an nei Qualifikatiounen diskutéieren. Et soll een individuellt Recht ginn op Weiderbildung, betount den Nicolas Schmit.

Den Aarbechtsministère denkt iwwert eng Léisung no, déi ähnlech wéi beim Chômage partiel géing funktionéieren. De Staat kéint dat finanziell begleeden an een Deel vun de Käschten iwwerhuelen.

Inegalitéiten huelen zou

Déi, déi am meeschte qualifizéiert sinn, hätten déi beschte Chancen, fir mat deene Changementer eens ze ginn. Muer wieren awer déi Secteuren, an deenen een haut nach méi manuell schafft och méi digitaliséiert, warnt den Aarbechtsminister:

"A wa mir déi net drop virbereeden, da kréie mir eng Ausgrenzung vun deene Leit an Entrepreneuren, déi do schaffen. Dat ass ee vun de Sujeten, déi ee muss an de Grëff kréien."

An der Etüd vun der CSL iwwert "Quality of work" geet ervir, datt déi meescht Salariéeën déi modern Technologien als ganz positiv empfannen. Mä si hätten ëmmer méi Konflikter tëscht hirem Privatliewen an der berufflecher Aktivitéit, ënnersträicht de Jean-Claude Reding.

Fir de President vun der Handelskummer Michel Wurth bleift dee gréisste Problem deen, datt een net genuch Aarbechtskräfte géif fannen, déi Kompetenzen am digitale Beräich hunn. Och den Aarbechtsminister ënnersträicht, datt een dausende Leit mat deene Qualifikatioune géing brauchen, déi een zu Lëtzebuerg awer net hätt.

Luxembourg Digital Skills Bridge

Iwwert de Pilotprojet "Luxembourg Digital Skills Bridge" wëllt den Aarbechtsminister eng Bréck bauen, tëscht der Kompetenz déi d'Leit haut hunn, an deenen, déi se muer brauchen. Do misst ee schonn antizipativ handelen, ënnersträicht den Nicolas Schmit.

Et kéint net sinn, seet den Nicolas Schmit, datt een engem Salarié mat 48 Joer seet, et géif kee Sënn méi maachen, him eng Formatioun unzebidden, a gläichzäiteg misst hien awer méi laang schaffe goen. D'Weiderbildung misst also iwwert déi ganz Aarbechtsliewenszäit méiglech sinn.

Dee Pilotprojet gëtt am Finanzsecteur, grad ewéi an der Automobilbranche lancéiert. De Michel Wurth plädéiert dofir, datt och de Commerce een Zougang kritt zu deene Formatiounsmodeller.

Aarbechtswelt a Mutatioun wéinst Digitaliséierung

Et kann een haut net soen, wéi vill Aarbechtsplazen duerch d'Digitaliséierung kéinte verschwannen, a wéi vill nei Aarbechtsforme kéinten entstoen, ënnersträicht den Aarbechtsminister.

Et wier eng Chance, datt de Secteur vun den Informatiounstechnologië séier géif wuessen. De Problem wier awer, datt een net déi richteg Leit dofir hätt an datt een dacks Entrepreneuren an Salariéeë misst importéieren, bedauert de Michel Wurth.

E weidere Secteur, dee sech entwéckelt, ass dee vun de Start-ups, esou de Michel Wurth:

"Mir lancéieren dee groussen Incubateur an der Stad, dee sech op d'Finanztechnologie an op de Beräich vun de kreative Betriber spezialiséiert. Donieft ginn et Incubateur d'Entreprises, déi zesumme mat der ASBL NYUKO zesummeschaffen. An deem Gebai kënnen 200 Start-Uppe pro Joer begleet ginn.

Sharing Economy: E legale Kader

Fir den Aarbechtsminister gehéieren UBER oder Airbnb net zur Sharing Economy. Dat wiere kloer Modeller, déi ganz Profit orientéiert sinn. Dat hätt näischt mat Sharing Economy ze dinn.

UBER wier ee ganz brutalen ekonomesche Modell, a géif Persounen als sougenannt Independante schaffe loossen. Déi Leit missten awer extrem disponibel sinn, an eng ganz Rei Reegele respektéieren. Den Nicolas Schmit seet:

"De Fall UBER weist, datt dee ganze Secteur vun der Plattform Ekonomie muss legal encadréiert ginn. Dat kann een net onbedéngt national maachen, do sinn ech absolut der Meenung, datt Europa hannendru leeft. Ouni Reguléierung riskéiert een, datt déi Leit, déi an deene Plattforme schaffen, am Endeffekt manner Rechter hu wéi déi aner Salariéeën"

Dem Jean-Claude Reding no misst een d'Froe vun der sozialer Ofsécherung an dem Mindestloun klären. An deem Sënn misst een engem Expertegrupp vu Juristen d'Missioun ginn, déi Dossieren ënnert d'Lupp ze huelen.

Etüd iwwert d'Zukunft vun der Aarbecht

Op Initiativ vum Aarbechtsministère, der Chambre de Commerce an der Salariatskammer gouf eng Etüd iwwert d'Zukunft vun der Aarbecht an Optrag ginn. Éischt Resultater kréien d'Sozialpartner Enn November matgedeelt. D'Zil ass et déi Voleten, déi den US-Fuerscher Jeremy Rifkin net esou intensiv behandelt huet, ze beliichten, esou de President vun der Chambre des Salariés.