Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun der Demokratie

Fräie Mikro

D'Zukunft vun der Demokratie

Si war eng grouss russesch Perséinlechkeet a gouf an de leschte Wochen nees vill ernimmt: d'Journalistin a Mënscherechtlerin Anna Politkovskaya, déi am Oktober 2006 zu Moskau erschoss gouf. Si huet hiert Liewe geaffert fir fundamental Wäerter wéi Fräiheet, Demokratie a Fridden. Mir gesinn haut, datt mer all nees fir dës Wäerter mussen astoen a kämpfen.

auto_stories

4 min

D'Zukunft vun der Demokratie ass a Fro gestallt, mengt den Historiker Denis Scuto. Foto: Archiv

Ech sinn him nëmmen eemol perséinlech begéint: Ech schwätze vum Wladimir Putin. Perséinlech begéint ass natierlech iwwerdriwwen, och wann en nëmmen e puer Meter vu mir ewech stoung.

Dat war den 18. Oktober 2006 zu Moskau. De russesche President war op eng Pressekonferenz komm zur Inauguratioun vum zweete Forum fir d'Zukunft vun der Demokratie vum Conseil de l'Europe. Dëse Forum war 2005 gegrënnt ginn, nodeems d'Referende fir eng europäesch Verfassung a Frankräich an an Holland an d'Box gaange waren.

Et war kloer ginn, datt d'Europäesch Unioun e seriöe Problem vun demokratescher Legitimitéit hat. Dofir sollt de Conseil de l'Europe nei Iddie fir méi Demokratie entwéckelen. Ech war als Lëtzebuerger Vertrieder derbäi.

Presse- an Ausdrocksfräiheet: Fundamental fir eng Demokratie

De belsche President vun der Assemblée parlementaire vum Conseil de l'Europe, René van der Linden, hat als Éischte geschwat a betount, datt et keng Demokratie géif ginn ouni Fräiheet. En hat besonnesch d'Presse- an d'Ausdrocksfräiheet ervirgehuewen.

Dofir wier en extrem schockéiert iwwer de Mord un der couragéiser Journalistin a Russland, d'Anna Politkovskaya, zéng Deeg virdrun. An hiren Artikelen hat d'Journalistin ënner anerem d'Mënscherechtsverletzungen duerch russesch Truppen an Tschetschenien denoncéiert.

De van der Linden sot e Staat, an deem Journalisten zu Zilscheiwe gi wéinst hirem Engagement fir Mënscherechter, wier net wierklech demokratesch.

De Wladimir Putin huet dat kal gelooss. Hien huet just geäntwert, de Conseil de l'Europe wier sech net bewosst, datt et vill béis Leit a Russland géif ginn. Gemengt waren tschetschenesch Terroristen. Dem Putin seng Aufgab wier et d'Bevëlkerung virun hinnen ze schützen. Surreell, wéi seng haiteg Rhetorik.

Triumphzuch vun den Demokratien

Wéi de Fait, datt den zweete Kongress zur Zukunft vun der Demokratie 2006 grad zu Moskau organiséiert gouf. Mee mir ware jo all no 1989 esou iwwerzeegt, datt d'Demokratie op sengem Triumphzuch net opzehale wier.

1996 gouf Russland an de Conseil de l'Europe opgeholl. 2005 hat de bekannte brittesche Journalist Timothy Garton Ash um éischte Forum fir d'Zukunft vun der Demokratie zu Warschau an der Erëffnungsried sech nach driwwer gefreet, datt am Géigesaz zu 1940, wou et just e Grapp voll Demokratien an Europa gouf, et 2005 genee de Géigendeel wier. Just e Grapp voll Länner wieren (nach) net demokratesch an Europa.

An deem selwechte Joer, 2006, hat de President Putin schonns den Ënnergang vun der Sowjetunioun als déi "gréisste geopolitesch Katastroph vum 20. Joerhonnert" bezeechent.

Och 2006 féiert de Putin de Begrëff vun der "souveräner Demokratie" an a fiert mat senger Regierung weider, Schrëtt fir Schrëtt demokratesch Institutiounen a Russland wéi Parlament, Justiz, Regiounen ze entmuechten an d'wirtschaftlech Muecht ronderëm seng Persoun an säin enkste Krees ze konzentréieren.

Russland als imperial Weltmuecht

Déi Journalisten a Politiker, déi sech a Russland fir Fräiheet a Mënscherechter asetze gi verfollegt, vergëft, ermort. Et ass e Witz, an där geschmackloser een, wann europäesch Politiker, wéi de franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian haut behaapten, et géif zanter véier bis fënnef Joer eng autoritär Dérivée vum Putin (Journal vu France 2, 6. Mäerz 2022).

Dobäi ass dat dem Putin säi Programm an seng Praxis, zanter datt e viru méi wéi 20 Joer déi éischte Kéier als President gewielt gouf.

An dat geet Hand an Hand mat sengem Zil Russland als imperial Weltmuecht ze behaapten an nees d'Kontroll iwwer déi fréier Territoire vun der Sowjetunioun ze kréien, wann et muss si mat militärescher Gewalt. Ënnerstëtzt gëtt en doranner vun där anerer autoritärer Weltmuecht China.

Geneesou si mer och net zanter dem russeschen Agressiounskrich géint d'Ukrain an enger Weltkris, mee zanter der russescher Annexioun vun der Krim an dem Krich am Donbass 2014.

D'Demokratie ass a Fro gestallt

Wéi de Conseil de l'Europe 2005 e Forum fir d'Zukunft vun der Demokratie an d'Liewe geruff, hätt e mol net am Dram geduecht, datt 2022, datt haut d'Zukunft vun där Demokratie an Europa an an der Welt carrement a Fro gestallt ass.

Héich Zäit, dass mir an déi, déi mer gewielt hu fir eis ze vertrieden, an d'Entreprisen, déi vu responsabelem Handele schwätzen an dacks de Géigendeel praktizéieren, eis e Beispill un der russescher Journalistin Anna Politkovskaya huelen a bedéngungslos an ouni Kompromësser fir Demokratie, fir Bierger- a Mënscherechter kämpfen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.