Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Extremely Bad Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gesäit d'Zukunft vun der EU-Sécherheetspolitik aus?

Europäesch Défense

Wéi gesäit d'Zukunft vun der EU-Sécherheetspolitik aus?

Déi nei militäresch EU-Kommandozentral soll nach dëse Mount ufänke mat schaffen. Ass dat e Schratt an d'Richtung vun enger eegestänneger EU-Sécherheetspolitik a méi Onofhängegkeet vun den USA?

auto_stories

5 min

Foto: picture alliance / Armin Weigel

Viru puer Joer war d'Iddi an EU-Kreesser nach ondenkbar: Den Ament gëtt staark un der europäescher Sécherheetspolitik gedoktert. Nieft der neier Militärunitéit MPCC soll op EU-Niveau och en eventuellen Nuklearwaffe-Programm ausgeschafft ginn. E Méindeg gouf vun den EU-Verdeedegungsminister eng europäesch Kommandozentral mat elo mol 35 Mataarbechter decidéiert. En Nuklearwaffe-Programm fir d'Europäesch Unioun ass bis ewell nach e Gedankespill, ma eventuell e Symptom vum Emanzipatiounsgedanke vis-à-vis vun den USA.

Den Dr. Spyros Economides, Politikwëssenschaftler um Europäeschen Institut vun der London School of Economics and Political Science gesäit d'Kommandozentral fir Auslandsasätz vun der EU net nëmme militäresch als Reaktioun op den neien US-President Donald Trump, mä och politesch als Integratiounsschratt. Dowéinst misst een oppassen, wat een an déi rezent Diskussiounen iwwert déi gemeinsam EU-Sécherheetspolitik eran interpretéiert. Op där enger Säit kéint dem Donald Trump säi Wonsch no méi Responsabilitéit vun den europäesche NATO-Partner eng Reaktioun an Europa ausgeléist hunn. Nieft der militärescher Säit géing et awer och ëm de politesche Volet goen: "Wa sech fir eng europäesch Arméi oder eng Zentral agesat gëtt, dann huet dat grad esou vill mat der europäescher Integratioun ze dinn, wéi datt ee wierklech eng vun der NATO onofhängeg Arméi wëll," seet den Spyros Economides.

Reaktioun op déi nei US-Regierung

Den Hanns Maull vun der Stifting Wissenschaft und Politik (SWP) gesäit déi nei Kommandozentral fir Auslandsasätz vun der EU och als eng Reaktioun op déi nei US-Presidentschaft, an als kleng Emanzipatioun vun den USA. Et géing och d'Onsécherheeten an Europa iwwert d'Zukunft vun der amerikanescher Europa- an Aussepolitik reflektéieren. Dës Veronsécherung wier an Europa nohalteg ze spieren a si hätt sécherlech zu dësem Schratt bäigedroen. "Et ass ouni Zweiwel e Schratt a Richtung gréisser an eegestänneg Handlungsfäegkeet an Europa, och am sécherheetspolitesche Beräich. Awer bis Europa wierklech do ukënnt, sinn nach vill weider Schrëtt néideg." D'Decisioun fir eng EU-Kommandozentral z'etabléieren wier zwar eng kleng, awer eng sënnvoll, seet den Hanns Maull. D'Koordinatioun bei militäreschen EU-Operatioune wier bis ewell komplizéiert gewiescht. D'NATO géing dat an engem vill méi grousse Kader fir hir Asätz an hir militäresch Struktur awer och maachen.

En ëmstriddent Thema wier laang Zäit déi sougenannt Verduebelung vu Kapazitéite gewiescht. Zum Beispill hätt sech Groussbritannien an der Vergaangenheet ëmmer strikt dogéint gewiert, um europäeschen Niveau ähnlech Strukturen opzebauen, wéi se och schonn an der NATO existéieren. An dowéinst gesäit de britesche Politikwëssenschaftler Spyros Economides duerch de Brexit eng Chance fir d'Integratioun ze forcéieren. Op där anerer Säit wier et awer schwéier eng kredibel militäresch Force ouni Groussbritannien opzebauen. D'Kinnekräich kéint ëmmer nach an enger anerer Form mat engem sougenannten "opt-in" participéieren, och wann et net méi Deel vun der EU ass.

NATO duerch EU-Arméi ersetzen ass geféierlech

Allgemeng steet de britesche Fuerscher enger EU-Arméi awer éischter skeptesch géigeniwwer. Et wier geféierlech ze probéieren, d'NATO duerch eng EU-Arméi ersetzen ze wëllen. Dat wier immens deier an d'Relatioun mat den USA géif op d'Spill gesat ginn. Eng EU-Arméi wier och net d'Léisung vum Schock, deen d'EU mat hire rezente Krisen erlieft.

Kéint d'EU op de Wee goen, en eegestännegen Nuklearwaffe-Programm a Plaz ze setzen? Déi Optioun gewënnt den Ament an EU-Kreesser u Credibilitéit, och wa se nach an de Stäre steet. Ënner anerem den aussepolitesche Spriecher vun der däitscher CDU huet dës Iddi nom Donald Trump senger Wahl als US-amerikanesche President opbruecht. Dat franséischt Nuklearwaffenarsenal géing där Iddi no agesat ginn, fir déi ganz EU ze schützen an dat ënnert EU-Kommando.

Eng autonom Handlungsfäegkeet vun der EU géing sécher net mat Atomwaffen ufänken, seet den Hanns Maull. Do géifen et eng ganz Partie aner Saache ginn, déi méi sënnvoll an néideg wieren, an déi och politesch gesi méi liicht ze bewältege wieren. "Dat Substanziellt, dat Europa bräicht, ass de Wëllen zesummen ze schaffen, well doru feelt et. Wann de Wëllen do ass sécherheetspolitesch zesummen ze schaffen, da kéint sech Europa zimlech séier vun den USA onofhängeg maachen."

Néideg Kooperatioun vun EU-Memberstaaten

De Widderstand an der däitscher Gesellschaft kéint een dem Hanns Maull no, bei esou enger Nuklearoptioun iwwerwannen. Dem britesche Wëssenschaftler Spyros Economides no ass dat net méiglech, och aner EU-Memberstaate géingen eng wichteg Roll vun Däitschland bei engem Nuklearprogramm net akzeptéieren, och wann déi Roll reng finanziell wier.

De politikwëssenschaftleche Realist Stephen Walt schreift rezent an der Foreign Policy, den neien US-President Trump wier kee rationellen Acteur. Dat ass dem Spyros Economides no awer kee Grond fir d'NATO a Fro ze stellen: "Ech mengen, datt esou Gespréicher eng Onsécherheet an de Relatiounen a mat den USA reflektéieren, an a punkto Engagement fir d'NATO op der Säit vun der Trump Administratioun." Et misst ee probéieren, dat hannert sech ze loossen. Den US-President Donald Trump hätt sech zwar an eng bestëmmte Richtung geäussert, ma seng Aussepolitesch- a seng Defenseequipe géing den Alliéierte versécheren, datt d'USA der NATO an der EU-Verdeedegung trei bleift. Rezent nees op der Münchener Sécherheetskonferenz.

Dem Hanns Maull no wier et zwar net immens realistesch, datt sech d'EU deemnächst vun den USA ewech dréint. D'EU-Regierungen hätten awer ugefaangen no der Presidentschaftswahl vum Republikaner Donald Trump ëmzedenken. Den Drock wéinst de ville Krise vun der EU géing d'Kooperatioun elo awer néideg maachen.