Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vun der europäescher Handelspolitik

Internationalen Handel

D'Zukunft vun der europäescher Handelspolitik

D'Handelspolitik ass ee vun de Beräicher, fir deen exklusiv d'EU zoustänneg ass an net d'Memberstaaten. Zuele vun der Kommissioun no hänkt eng vu siwen Aarbechtsplazen an Europa un den Exporter an Drëttlänner. Zu Lëtzebuerg wier dat souguer all drëtt Aarbechtsplaz. Et waren awer grad Fräihandelsofkommesse vun der EU, déi an de leschte Jore kontrovers diskutéiert goufen. Wéi gesäit et aktuell mat der EU-Handelspolitik aus?

auto_stories

4 min

D'EU ass esou wéi déi meescht OCDE-Staaten eng oppen Ekonomie. Dat heescht d'Douanestaxen, déi si op Importer aus Drëttstaaten erhieft, si relativ niddereg. D'Evita Schmieg vun der Stiftung Wissenschaft und Politik zu Berlin präziséiert, datt den Duerchschnëtt vun den Taxe bei fënnef Prozent läit. An den USA wier e méi niddreg, bei 3,5 Prozent.

"Allerdings muss man auch berücktsichtigen, dass auch nicht-tarifäre Handelshemmnisse eine Rolle spielen. Das sind technische Standards oder im Agrarbereich auch Mengenbegrenzungen.", esou d'Ekonomistin.

Fir déi allermeescht EU-Staaten sinn aner EU-Memberen déi wichtegst Handelspartner. Wann een d'EU als e Block hëlt, sinn d'USA a China déi wichtegst Handelspartner. Dat gëllt fir d'Exporter, wéi och fir d'Importer.

Kooperatioun mat Ostasien

D'Tendenz geet awer Richtung Ostasien mengt d'Claudia Schmucker, Ekonomistin bei der Deutschen Gesellschaft für Auswärtige Politik: "Wir haben das Abkommen mit Japan abgeschlossen, wir versuchen das mit vielen ASEAN-Ländern. Wir wollten mit dem gesamten ASEAN-Verbund ein Abkommen schliessen, das hat nicht geklappt. Wir verhandeln Abkommen mit Australien und Neuseeland."

En Handelsaccord mat Singapur ass am Gaange ratifizéiert ze ginn. Mam Vietnam huet ee fäerdeg verhandelt, d'Europaparlament huet awer nach net zougestëmmt.

Well d'Douanestaxen a ville Fäll schonn niddereg sinn, geet et bei esou Fräihandelsaccorde méi dorëms géigesäiteg Direktinvestitiounen ze stäerken a Produktreguléierung uneneen unzepassen, erkläert d'Sarah Guillou, Ekonomistin beim franséische Konjunkturobservatoire OFCE vun der Science Po. Zwee Beräicher géifen hei nach dobäi kommen: d'Propriété intellentuelle an d'Marché publiquen. Firme vun engem Land sollen Accès kréien op de Marché publique vun anere Länner.

Fräihandelsaccorde sinn ëmstridden

Doduerch, datt et bei dësen Accorden ëm méi geet wéi just Douanestaxen, ginn esou Accorden iwwer d'Kompetenz vun der EU eraus. Dofir mussen nieft dem Europaparlament och déi national an deels regional Parlamenter zoustëmmen. Prominent Beispill heifir ass de Refus vun der Wallonie dem CETA-Accord mat Kanada zouzestëmmen.

Am Sträit ass et ëm sougenannte Schiidsgeriichter gaangen. Auslännesch Investisseure kënne bei sou Geriichter géint e Land kloen, wa si sech duerch nei Gesetzer benodeelegt fillen. Scho bei de Verhandlungen ëm de Fräihandelsaccord TTIP mat den USA huet dat fir vill Protest gesuergt.

Reaktioun op d'Kritik

D'EU hätt en nei Handelsstrategie erausbruecht, seet d'Claudia Schmucker, déi sech Trade for all nennt. "Wir haben die Schiedsgerichte aus den Abkommen rausgenommen. Und im Moment höre ich bei den Verhandlungen mit Japan oder anderen ASEAN Staaten wenig Kritik von der Bevölkerung."

Beim Accord mat Kanada huet ee wéinst der Kritik eng nei Form vun Investitiounsgeriicht virgesinn. Dës goufen och vum Europäesche Geriichtshaff Enn Abrëll fir rechtens erkläert. De CETA-Accord ass och scho provisoresch a Kraaft, allerdéngs net deen Deel, wou et ëm d'Investitioune geet. Dofir mussen déi national Parlamenter zoustëmmen.

Handel mat den USA ass schwiereg

D'TTIP-Verhandlunge mat den USA goufe wéinst der Wahl vum US-President Trump op Äis geluecht. Den amerikanesche President fiert eng Politik, déi méi op Protektionismus aus ass, well hien der Meenung ass, datt d'USA onfair behandelt ginn. Sou huet hien zum Beispill Douanestaxen op europäesche Stol an Aluminium staark erhéicht, erkläert déi franséisch Ekonomistin Sarah Guillou. Ausserdeem hätt den Donald Trump sech aus dem Klimaaccord zeréckgezunn. Domat zitt hie sech virun enger Partie Ëmweltnormen zeréck, op déi awer eng Rei Länner vun der EU bestinn, erkläert si.

Als Reaktioun schéngt d'EU sech dofir nach méi dorop ze konzentréiere mat anere Staaten Fräihandelsaccorden ze verhandelen. seet d'Claudia Schmucker: "Wir haben Japan. Wir haben die ganzen anderen Länder. Die WTO ist auch blockiert. Wir versuchen es auf anderem Weg. Das heisst, die EU ist extrem aktiv weitere Freihandelsabkommen zu schliessen."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.