Nordliicht TV hat nach keng Gespréicher mam Medieminister iwwer d'Pressehëllef fir Regionalmedien, déi d'nächst Joër soll agefouert ginn, sou d'Irène Pissinger-Engelmann. Déi Gespréicher wieren awer geplangt. D'Chefredaktesch vun Nordliicht TV wéist dowéinst och net, wat op de Sender géing duerkommen. "Ech sinn awer frou, datt mer dës Kéier ernimmt gi sinn."
Et wier dofir och nach net gewosst wéi vill de Sender an Zukunft soll vum Staat ausbezuelt kréien. "All Press muss ënnerstëtzt ginn, fir datt se ka weiderliewen." Domat wier d'Press gemengt, bei där Journalisten engagéiert sinn. "Wa Lëtzebuerg sech wëll gutt no bausse weisen, da muss d'Regierung dat ënnerstëtzen." Et wier besser gewiescht, datt iwwer all d'Medien diskutéiert gi wieren an net just iwwer RTL.
Nordliicht TV finanzéiert sech den Ament iwwer 29 Gemengen, déi de Sender ënnerstëtzen. Entweder duerch eng Konventioun oder duerch e Sponsoring. En Deel géing och duerch Reklammen erakommen. "Am Norde si keng Suen ze verdéngen, wat eng Medieninstitutioun ugeet."