Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx - Baddy On The Floor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Da muss man abwägen: Risiko gegen Nutzen"

Corona-Pandemie

"Da muss man abwägen: Risiko gegen Nutzen"

D'Erfuersche vu Läichen huet an de leschte Joren ëmmer méi ofgeholl. Ma kéint sech dëst wéinst der Covid-19-Kris erëm veränneren? Anescht wéi an eisen Nopeschlänner gouf bis elo zu Lëtzebuerg nach keng Obduktioun un engem Covid-19-Verstuerwenen duerchgeféiert. Trotzdeem stinn d'Pathologen an d'Geriichtsmedeziner aus dem LNS prett heivir. Mee wéi eng Bedeitung kéinten d'Autopsië fir d'Erfuersche vun der Longekrankheet hunn? An a wéi enge Fäll mécht et Sënn Obduktiounen duerchzeféieren? Mir hu beim Chef vum nationalen Zentrum fir Pathologie, dem Dokter Michel Mittelbronn, nogefrot.

auto_stories

3 min

De Chef vum nationalen Zentrum fir Pathologie, den Dokter Michel Mittelbronn. Foto: Laurent Antonelli

Dacks wier onkloer, wéi Covid-19-Affer statistesch gezielt ginn. Dem Professer fir Neuropathologie no géif et e groussen Ënnerscheed maachen, ob e Patient duerch eng Coronavirus-Infektioun oder mat enger Coronavirus-Infektioun gestuerwen ass.

Et géif ee reegelméisseg vun eenzele Fäll liesen, datt och jonk Patiente vu 15 oder 20 Joer gestuerwe wieren, déi mam Coronavirus infizéiert waren. An dëse Fäll wier et "extrem wichteg" ze soen, wouru si wierklech gestuerwe sinn, ob si zoufälleg positiv op Covid-19 getest goufen, oder ob si schlëmm Symptomer gehat hunn. Et wier wichteg dës atypesch a séier Verleef bei jonke Patiente besser ze verstoen.

De Krankheetsverlaf verstoen

Duerch eng Obduktioun kéint net nëmmen d'Doudesursaach, mee och de Verlaf vun der Krankheet erfuerscht ginn. Sou kéint kloer ginn, ob déi Patiente Risikofacteuren oder Predispositiounen haten, déi ongewéinlech sinn. Doduerch kéint een eventuell nei Risikogruppen erkennen oder alternativ Therapië fannen, déi näischt mat enger Impfung ze dinn hunn.

Wa beispillsweis Verännerungen am Kierper feststellt ginn, déi virdrun nach net bekannt waren, da kéinten d'Autopsien zu neien Erkenntnisser iwwer d'Krankheetsbild vu Covid-19-Patiente féieren:

"Es gibt jetzt zum Beispill eine kleine Autopsieserie, die auch gezeigt hat, dass zum Beispiel Muskelzellen davon befallen werden, was man davor vielleicht klinisch vermutet hat, aber das wurde erstmals durch eine Autopsie gezeigt, was da für Muskelveränderung sind. Also, dass es auch Dinge gibt, die ausserhalb dieser Lungenentzündung liegen, dann gibt es erste Berichte die vermuten, dass es auch das Nervensystem befallen kann. Diese Punkte müssen dann natürlich genauer aufgearbeitet werden, indem man in die Gewebe reinschaut und schaut, wie ist der Ausbreitungsweg des Viruses und guckt welche Zellen sind wirklich befallen."

Dacks géife medezinesch Ënnersichungen awer scho vill iwwer de Krankheetsverlaf an d'Doudesursaach vun engem Covid-19-Patient verroden. Et géif zum Beispill net sou vill Sënn erginn fir eeler Patiente mat ville Virerkrankungen ze ënnersichen, déi zwar Symptomer haten a positiv op Covid-19 getest goufen, dorausser kéint een net vill Schlëss zéien, mengt den Dr. Michel Mittelbronn.

Tëschent Risiko an Notzen ofweien

Mee och den Infektiounsrisiko wier bei den Autopsië vu Covid-19-Patienten net ze ënnerschätzen, mengt den Dokter Michel Mittelbronn. Fir europäesch Länner géif et heivir nach keng eenheetlech Sécherheetsmoossname ginn. Hei misst een tëschent dem Risiko an dem Notzen tranchéieren. Bei groussen Autopsieserië géif ee riskéieren, datt d'Mataarbechter mam Virus a Kontakt kommen.

Trotzdeem wier et déi gesellschaftlech Aufgab a Verantwortung bei der Recherche ze hëllefen an d'Personal, dat all Dag mat de Patienten a Kontakt ass, ze ënnerstëtzen, andeem een erausfënnt, wat de Grond vun den atypesche Fäll ass.

Bis elo wier nach keng Covid-19-Autopsie bei hinnen ugefrot ginn, seet den Dr. Michel Mittelbronn:

"Es gibt ja glücklicherweise noch keine Zwangsobduktion, selbst wenn Gesundheitsämter das anordnen, ist es ja doch immer noch eine Prozedur, wo man die Famillienangehörigen mit einbeziehen muss, weil das ja auch religöse, ethische, philosophische Gründe geben kann, die dagegen sprechen."

Den nationale Zentrum fir Pathologie hätt trotz Risiko decidéiert Obduktiounen u Covid-19-Patienten ze maachen, wann eng Ufro heifir erakënnt, sou nach de Professer fir Neuropathologie.