Krich an der Ukrain Däitsch Expertin: "Kampffligere fir d'Ukrain si sënnvoll"

Den ukrainesche President fuerdert, datt de Westen och Kampffligeren zur Verfügung stellt. Geet dat net ze wäit? De Rick Mertens huet bei enger däitscher Sécherheetsexpertin nogefrot.

Rick Mertens / jod

Claudia Major
Der ukrainescher Arméi wier mat Kampffligere gehollef, esou d'Claudia Major. (Foto: 2023 by SWP)

Militäresch wier et duerchaus sënnvoll der Ukrain och Kampffligeren ze liwweren. Dat seet déi däitsch Sécherheetsexpertin Claudia Major am 100,7-Interview.

"Kein System alleine wird den Krieg entscheiden"

Et wier allerdéngs falsch ze mengen, datt eng spezifesch Form vu Waffeliwwerungen der Ukrain den entscheedenden Duerchbroch am Krich géingt Russland kéint bréngen. Dat géif allerdéngs net heeschen, datt déi westlech Panzer, déi d'Ukrain elo kritt, keen Ënnerscheed géife maachen:

"Sie sind entscheidend, weil sie die Ukraine qualitativ wirklich in eine deutlich bessere Lage versetzen. Und sie versetzen sie auch in die Lage, russische Linien durchbrechen zu können, und im besten Falle die eigenen Soldaten besser zu schützen. "

Fir déi däitsch Sécherheetsexpertin ass kloer, datt kee System eleng de Krich entscheede géing.

Liwwerungen eleng hëllefen net vill

Méi decisiv wéi eenzel Liwwerunge wier et, d'Ukrain op Dauer ze ënnerstëtzen, an zum Beispill och Ersatzstécker fir déi verschidde Waffesystemer ze liwweren, esou d'Expertin vun der Stiftung Wissenschaft und Politik zu Berlin:

"Ich finde wir sollten jetzt nicht glauben, dass ein System alleine - Panzer oder Flugzeuge - die Wunderwaffe wäre, die den Krieg richtet. Sondern es ist das Zusammenspiel der verschiedenen Dimensionen, die der Ukraine helfen kann, mehr von dem eigenen Land zu befreien."

Et bréicht ee vun Allem méi, an alles misst och iwwert ee längeren Zäitraum geséchert sinn, esou d'Claudia Major. Dat well heeschen, datt et net duer geet, Panzeren ze liwweren. Et muss och no deene gekuckt ginn. Konkret heescht dat, datt Ersatzdeeler musse geliwwert ginn. Eng reegelméisseg Maintenance gehéiert och dozou.

Dat géif also och fir d'Liwwerung vu Kampffligere gëllen: Militäresch wier et sënnvoll och der un d'Ukrain ze liwweren, esou d'Claudia Major. Allerdéngs misst dann och de Suivi gemaach ginn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Wolodymyr Selenskyj am EU-Parlament
WOLODYMYR SELENSKYJ ZU BREISSEL

De Wolodymyr Zelenskyj huet zu Bréissel virun allem Merci gesot fir déi grouss Ënnerstëtzung fir säi Land vun der EU. Hie gesäit positiv Signaler vu verschiddene Staats- a Regierungscheffe fir weider Waffeliwwerungen.

Nicolas Schmit Kiew.jpg
EU-Ukrain-Sommet

Den Nicolas Schmit war ee vun de 15 EU-Kommissären, déi an d'Ukrain gereest sinn. D'Land huet trotz Krich a verschiddene Beräicher grouss Schrëtt no vir gemaach, sou den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • De Moien

  • Noriichten

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen