Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Impfstrategie: elo nom brittesche Modell?

Impfcampagne

Däitsch Impfstrategie: elo nom brittesche Modell?

Déi däitsch Impfcampagne steet ëmmer nees an der Kritik, well d'Erwaardungen net erfëllt ginn. Den däitsche Gesondheetsminister wëll dofir elo méi séier handelen an huet de Moie säin Impfplang fir déi nächst Woche presentéiert. Beim Theema Lockerunge wollt hien awer keng ze grouss Hoffnunge maachen.

auto_stories

2 min

De Jens Spahn stoung an de leschte Wochen dacks an der Kritik, well et bei der Impfcampagne net esou schnell viru geet, wei geplangt. Dofir huet de Gesondheetsminister annoncéiert, datt een d'Impfdosisse vun AstraZeneca direkt a komplett opbrauchen wäert, amplaz Reserve fir déi zweet Impfung ze halen.

Sou kéinten an den éischten dräi Februarwochen 1,7 Millioune Leit geimpft ginn. Bis ewell hat een an Däitschland probéiert och sou séier wéi méiglech déi zweet Impfung fir de komplette Schutz ze garantéieren. De Jens Spahn sot haut de Moien an der Bundespressekonferenz, hei géif een am europäesche Verglach ganz gutt leien.

Elo awer setzt ee beim Impfstoff vun AstraZeneca éischter op déi brittesch Strategie fir méi breet ze impfen. Et géif momentan kee Grond ginn unzehuelen, datt déi zweet Impfung no néng bis 12 Wochen net kéint garantéiert ginn, sou de Jens Spahn.

Prioriséierung ännert net

Den neien Impfstoff vun AstraZeneca gëtt an Däitschland op Recommandatioun vun der Impfkommission nëmme bei Léit ënner 65 Joer agesat a soll elo fir d'Personal an de Klinicken, Fleegeheemer an Impfzentre benotzt ginn.

De Jens Spahn sot awer, et géif een hei op besser Date waarden an da kéint ee vläicht schonn an de nächste Wochen oder Méint kucken, ob de Vaccin net och bei Leit iwwer 65 Joer agesat ka ginn. Bis dohi géif een zwar d'Reiefolleg vun der Impfung änneren, mee net d'Prioriséierung - Zil wier ëmmer nach déi vulnerabel an eeler Léit ze schützen.

Ginn d'Restriktiounen an Däitschland gelockert?

Mat Bléck op eventuell Lockerungen huet de Jens Spahn d'Hoffnunge gebremst. Et dierft een elo net déi gutt Entwécklung aus de leschte Wochen op d'Spill setzen, d'Beispiller Irland a Portugal géife weisen, datt den Trend sech ganz schnell an drastesch verschlechtere kann, sou de Gesondheetsminister haut de Moien.

E Mëttwoch kommen d'Bundesregierung an d'Bundeslänner zesumme fir doriwwer ze diskutéieren, ob een de Lockdown verlängere muss oder lockere kann. De Jens Spahn hat gëschter der Funke Mediengruppe gesot, et kéint een net de ganzen Wanter am haarde Lockdown bleiwen, dat géif d'Gesellschaft schlecht verdroen. Fir d'alleréischt missten nees Schoulen a Crèchen opmaachen.

De Lothar Wieler, President vum RKI, huet de Moien nach eemol ënnerstrach, datt een dëse Schrëtt nëmme mat ganz konkreten Hygièneskonzepter diskutéiere soll. D'Infektiounszuele géifen zwar erofgoen, mee d'Klinicke wieren ëmmer nach staark belaascht an d'Doudesfäll nach ze héich.

De Virus hätt elo duerch d'Mutatiounen nach eemol e Boost kritt an dës néi Varianten, besonnesch déi brittesch B117, wieren méi geféierlech a géif scho bei 6 Prozent vun den Neiinfektioune leien.