Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Afd - eng Alternativ géint Däitschland

Tag der Deutschen Einheit

D'Afd - eng Alternativ géint Däitschland

No de Bundestagswahlen vum 24. September schéngt Däitschland op dësem "Tag der Deutschen Einheit" méi gespléckt wéi jee. Eng rassistesch Partei ass drëtt Kraaft am Bundestag a schiert Angscht virum Islam.

auto_stories

3 min

Simone Beck

Haut feieren eis däitsch Noperen "Tag der Deutschen Einheit", deen un d'Vereenegung 1990 vun de fréiere Gebitter vun der DDR mat der Bundesrepublik erënnere soll. Dësen Dag fält an Däitschland zesumme mat engem aneren Dag: Dem Tag der offenen Moschee. Virun 20 Joer huet den Zentralrot vun den däitsche Moslem decidéiert, op dem Tag der Deutschen Einheit d'Moscheeën opzemaachen. Mat Diskussiounsronnen, Echangen a Visites guidées solle Prejugéen an Ängscht ofgebaut ginn.

Dëst Joer steet den Dag vun den oppene Moscheeën ënnert dem Motto: Eng gutt Noperschaft - eng besser Gesellschaft.

Däitschland ass gespléckt

D'Resultat vun de Wahle fir de Bundestag beweisen, wéi néideg dës zwee Deeg sinn. De Käil an déi däitsch Gesellschaft huet eng Partei gedriwwen, déi sech Auslännerfeindlechkeet an Islam-Kritik op de Fändel geschriwwen huet.

D'AfD gräift den Islam mat schaarfe Wierder un a behaapt, dës Relioun géif net zu Däitschland gehéieren. Schätzungen no liewe ronn 4,5 Milliounen Moslem an Däitschland. Déi däitsch jüddesch Communautéit louch 2015 bei knapp ënner 100.000. Et kéim awer kengem an de Sënn ze soen, si géif net zu Däitschland gehéieren.

Och schiert d'AfD déi friddlech Moslem, déi an all eise Gesellschafte liewen, iwwert dee selwechte Kamp wéi déi militant Islamisten, déi iwwregens virun allem an de moslemesche Länner Gewalt a Verbriechen beginn.

D'Leeschtunge vun däitschen Zaldoten

Duerch wichteg Diskussiounen, déi iwwerflächlech gefouert ginn - siehe Polittalkshows - ginn op eemol Meenunge salonfäeg, déi mir nach virun e puer Joer ni toleréiert hätten. Et kann op ëffentlech-rechtleche Sender behaapt ginn, duerch eng multikulturell Gesellschaft wier déi däitsch Kultur bedreet. Eng Definitioun, wat an hiren Aen dës däitsch Kultur ass, huet d'AfD bis elo nach net geliwwert.

Ausserdeem fënnt si, datt déi däitsch Erënnerungskultur duerch hir stänneg Referenzen op den Nazi-Regimm en Tunnelbléck huet, dee si wëllt opbriechen. Well ëmmerhin, esou den Alexander Gauland: "Wann d'Fransouse kënne stolz sinn op hire Keeser Napoléon an d'Englänner op hire Krichspremier Churchill, hu mir och d'Recht, stolz se sinn op d'Leeschtunge vun onsen Zaldoten an den zwee Weltkricher". Esou e Saz muss een emol noklénge loossen ... Zemol, wann ee sech un dee Schock erënnert, deen Ufank den 2000er Joren d'Wehrmachtausstellung ervirgeruff huet, déi d'Bedeelegung vun däitschen Zaldoten u Krichsverbriechen an Holocaust gewisen a bewisen huet.

94 Sëtz ...

De fréiere Bundesriichter Thomas Fischer huet géint den Alexander Gauland eng Plainte wéinst Volksverhetzung gemaach. De Gauland hat fonnt, déi däitsch Staatsministerin Aydan Özoguz, déi fir d'Integratiounspolitik zoustänneg ass, sollt emol an deem konservativen thüringeschen Eichsfeld gewise kréien, wat spezifesch däitsch Kultur wier. Da kéim se souwisou net méi erëm a kéint an Anatolien entsuergt ginn. D'Reaktioune ware kloer: D'Kanzlerin huet vu Rassismus geschwat, de Sigmar Gabriel huet sech u schlëmm Zäite vu sengem Land erënnert gefillt, an de Martin Schulz huet verlaangt: "Wir müssen alles tun, dass solche Rassisten nicht in den Bundestag kommen". A wou sinn se haut? Mat 94 Sëtz an iwwer 12 Prozent.

Wéi een hir Optrëtter op der Televisioun gesinn hunn - a wéi vill Plaz an Zäit krute si bei ARD an ZDF! - gouf een un eppes erënnert, wat de Joseph Goebbels 1935 gesot huet: "Wenn unsere Gegner sagen: Ja, wir haben Euch doch früher die Freiheit der Meinung zugebilligt -, ja, Ihr uns, das ist doch kein Beweis, daß wir das Euch auch tun sollen! Daß Ihr uns das gegeben habt, - das ist ja ein Beweis dafür, wie dumm Ihr seid!"

Et kann een also nëmmen hoffen, datt d'SPD hirer Roll als staarker Oppositiounspartei gerecht gëtt, fir ze verhënneren, datt dat Gedankegutt vun der AfD d'Deutsche Einheit nach méi a Gefor bréngt, an och d'Sécherheet vun deene Leit, déi an eng Moschee ginn.