Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland, déi nei Brems an der EU?

EU-EMISSIOUNS-STANDARDE FIR AUTOEN

Däitschland, déi nei Brems an der EU?

​Däitschland blockéiert een Accord iwwert nei europäesch Grenzwäerter fir Autoen a suergt domat fir Opreegung an der EU. Onkloer ass, wat déi däitsch Regierung genee fuerdert.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / dpa / Michael Kappeler

Eigentlech war d'Enn vum Verbrenner-Motor an der EU längst decidéiert. Am Oktober zejoert ware sech déi europäesch Institutiounen no schwierege Verhandlungen doriwwer eens ginn, datt vun 2035 un an der EU just nach nei Autoen dierfen zougelooss ginn, bei deene keng klimaschiedlech Emissiounen aus dem Auspuff kommen. Faktesch kënnt dat engem Verbuet vum Verbrenner-Moteur gläich.

Geféierleche Präzedenzfall

Däitschland huet deen Accord deemools matgedroen. Elo awer stellt d'Land op bemol Konditiounen.

D'Kommissioun soll ënnersichen, ob net no 2035 awer nach kéinte Verbrenner-Moteuren agesat ginn, déi mat klimafrëndlechen, syntheetesche Kraaftstoffer lafen, sou déi iwwerraschend Fuerderung vum FDP-Verkéiersminister Volker Wissing virun enger Woch. Dat suergt zu Bréissel fir Opreegung.

Datt ausgerechent Däitschland een Accord posthum a Fro stellt, schléit héich Wellen. Den Europadeputéierte vun deenen däitsche Gréngen, de Michael Bloss, schwätzt vun engem geféierleche Präzedenzfall.

"Ein großer Schaden für die Glaubwürdigkeit der Bundesregierung. Denn es ist bisher quasi immer angenommen worden, dass Deutschland mit 'Ja' stimmt, das geht eigentlich nicht, darauf war niemand vorbereitet auf europäescher Ebene. Alle sind da total überrascht."

D'Haltung vun der FDP géif dofir suergen, datt de Ruff vum Land als verlässleche Partner bei EU-Verhandlungen um Spill steet, sou eng EU-Source.

Däitsch Positioun onkloer

Eleng der FDP Schold ze ginn, ass awer vläicht ze einfach. De Bundeskanzler Olaf Scholz huet sech e Méindeg nämlech hannert säi Koalitiounspartner gestallt an de Ball kloer an d'Feld vun der Kommissioun gespillt.

"Die Bundesregierung ist sich einig, dass wir davon ausgehen, dass die europäische Kommission entsprechend dessen, was in den Erwägungsgründen genannt ist, einen Vorschlag machen wird, der darauf ausgerichtet ist, wie E-Fuels nach 2035 eingesetzt werden können."

Et bräicht een, sou de Christian Lindner, de Finanzminister vun der FDP eng rechtlech Garantie dofir, datt effektiv och no 2035 Autoen, déi mat syntheetesche Kraaftstoffer oder "E-Fuels" betankt ginn, nach kéinten zougelooss ginn.

"Wenn diese Rechtsssicherheit hergestellt ist, geht das alles weiter seinen Gang", erkläert de Finanzminister déi däitsch Positioun.

Dat entsprécht allerdéngs net deem, wat am Accord steet, deem jo och Däitschland zougestëmmt hat. D'Regierung bezitt sech op eng Préambule, déi op Wonsch vun Däitschland nodréiglech am Text bäigesat gouf an iwwert där hir Interpretatioun vun Ufank u vill gestridde gouf.

Festgehale gouf effektiv, datt d'Kommissioun an der Zukunft eng Propos iwwert den Asaz vun "E-Fuels" mécht. Bis wéini an a wéi eng Richtung déi geet, steet awer net do. Och net, datt den Accord selwer an domat och d'Akraafttriede vun den neien Normen vun där Propos ofhänkt.

EU-Kommissioun hält sech bedeckt

Bis elo schéngt Bréissel net prett, dat ze liwweren, wat Däitschland erwaart.

"Mir hu Kontakter op alle Niveauen, fir déi Saach sou séier wéi méiglech ofzeschléissen", sou e Méindeg den Tim McPhie, Spriecher vun der Kommissioun.

Hire Vizepresident de Frans Timmermans bleift bei senger prinzipieller Skepsis par rapport zu syntheetesche Kraftstoffer an Autoen. Fir déi Zort vu Sprit hierzestelle géif vill ze vill Elektresch gebraucht, sot hien am Februar zu Bréissel.

"Fir E-Fuels sollte mer eis op d'Aviatioun konzentréieren an net op den Transport op de Stroossen."

En attendant kéint den däitsche Blockage net nëmmen der Reputatioun vum Land, mee virun allem dem Klima schueden, seet iwwerdeems de Michael Bloss.

D'Gesetz iwwert nei Norme fir Autoen ass een zentraalt Element, fir d'Klimaziler ze erreechen, sou de Gréngen Europadeputéierten:

"Damit steht der ganze Green Deal auf der Kippe, ohne die Flottengrenzwerte werden wir das nicht schaffen."