Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Ënnerstëtzung wéinst den héijen Energiepräisser

Staatlech Hëllefen

Däitschland: Ënnerstëtzung wéinst den héijen Energiepräisser

An Däitschland huet d'Regierungskoalitioun éischt Mesuren als Reaktioun op déi héich Energiepräisser décidéiert.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


All Awunner soll eng eemol Energiepräis-Primm an Héicht vun 300 Euro kréien, Famillje solle fir all Kand zousätzlech 100 Euro kréien. Dat geet aus engem Pabeier ervir, deen haut publizéiert gouf.

D'Energiesteier um Sprit soll wärend dräi Méint erofgesat ginn an am selwechten Zäitraum sollen d'Tickete fir den ëffentlechen Transport just nach 9 Euro de Mount kaschten.

D'Mëtt vun der Gesellschaft soll esou séier an onbürokratesch gehollef kréien.

Energieeffizienz fërderen

Eng vun de Konditioune vum Accord wier d'Verbesserung vun der Energieeffizienz, seet de grénge Wirtschaftsminister Robert Habeck.

Et géif kee Sënn maache bei den héije Präisser vill ze subventionéieren, mee et misst een de Verbrauch reduzéieren.

Vun 2024 un soll all nei agebauten Heizung zu 65 Prozent mat erneierbaren Energie funktionéieren, Mazout a Gasheizunge sollen zum Auslafmodell ginn.