Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Damien Raths zouversiichtlech fir d'Zukunft vum KFC Uerdingen

Fussball

Damien Raths zouversiichtlech fir d'Zukunft vum KFC Uerdingen

800.000 Euro Scholde belaaschten den KFC Uerdingen am Moment. De Lëtzebuerger Damien Raths, dee virun engem knappe Mount d'Rudder vum Veräin iwwerholl huet, denkt awer, datt geschwënn eng Léisung fir den Traditiounsveräin fonnt gëtt.

auto_stories

2 min

Fënnef Woche virum Optakt vun der Saison an der däitscher Fussball-Regionalliga ass nach net ganz kloer, ob de KFC Uerdingen do iwwerhaapt untriede kann: dat sot de neie President vun deem Traditiounsveräin Damien Raths. Virun engem knappe Mount huet de Lëtzebuerger d'Rudder zu Uerdingen iwwerholl.

Aus finanzielle Grënn ass de Club, dee sech d'lescht Saison sportlech an der 3. Liga gehalen hat, an déi 4. Divisioun zeréckgestuuft ginn. D'GmbH, déi de Profi-Beräich am Veräin geréiert, ass nämlech faillite. Wann net geschwënn eng Léisung fonnt gëtt fir déi 800.000 Euro Scholden, déi de Veräin belaaschten, kéint et enk ginn:

"A fënnef Woche geet et lass, a mir hunn nach kee festen Trainer a keng fest Equipe. Natierlech si schonn en Trainerteam an och eng Equipe amgaang ze trainéieren. Mee mir kënnen natierlech am Moment kengem ee Kontrakt ginn, duerch déi finanziell Situatioun."

Den Damien Raths ass awer zouversiichtlech, datt geschwënn eng Léisung fonnt gëtt an zielt do op d'Vergaangenheet vum Veräin:

"Well et en groussen alen Traditiounsveräin ass, gëtt et eng grouss Hëllefsbereetschaft an der Stad. Vun der Politik, vu Sponsoren, vu Firmen. Déi Hëllef ass do. Mir sinn am Moment just blockéiert duerch déi Problemer mat der GmbH. Wa mer déi elo lass sinn, da kënne mer starten. Da wäerte mer och e relativ gudde Budget hunn fir an der Regionalliga ze spillen. Mee mir sinn am Moment gehandicappt temporär duerch déi ganz Geschicht mat der Faillite. Do musse mer relativ séier erauskommen, well d'Zäit drängt."

Hei zu Lëtzebuerg presidéiert den Damien Raths och den Traditiounsveräin Avenir Beggen, dee Moment drëttklasseg ënnerwee ass.