Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dampmelder ginn an all Lëtzebuerger Wunneng obligatoresch

Vum 1. Januar 2023 un

Dampmelder ginn an all Lëtzebuerger Wunneng obligatoresch

Recommandéiert gëtt zudeem, fir en Dampmelder an der Wäschkichen, Büroen, Heizungskelleren an an der Stuff ze installéieren. A Garagen, Kichen oder Buedzëmmere maachen Dampmelder kee Sënn, wëll se och duerch Damp lass kéinte goen, dee bei Kachen respektiv waarm Duschen entstoe kann. Wichteg beim Kaf vun engem Dampmelder ass et, op d'"CE"-Symbol Uecht ze ginn. Dat garantéiert nämlech, datt den Apparat den europäeschen Ufuerderungen an Normen entsprécht.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


No enger Iwwergangsperiod vun dräi Joer trëtt d'Gesetz vun 2019 a Kraaft: Deemno musse vun dësem Sonnden un a Wunnengen an Wunnhaiser all d'Fluchtweeër a Schlofkummeren obligatoresch mat engem Dampmelder equipéiert sinn.

An de Nopeschlänner hätt ee bei Bränn duerch Dampmelder bis zu engem Véierel manner Affer - et géif deemno ëm Sécherheet an Iwwerliewe goen, hat déi zoustänneg Inneministerin Taina Bofferding schonn am Kader vum leschten nationale Preventiounsdag insistéiert.

Besonnesch nuets kënnen Awunner vun engem Feier iwwerrasche ginn an ouni et ze mierken a Liewensgefor geroden. D'Affer kommen dann haaptsächlech op Grond vun Dampvergëftungen ëm.

Recommandatioune fir d'Installatioun

Recommandéiert gëtt, fir en Dampmelder och an der Wäschkichen, Büroen, Heizungskelleren an der Stuff ze installéieren.

A Garagen, Kichen oder Buedzëmmere maachen Dampmelder kee Sënn, wëll se och duerch Damp lass kéinte goen, dee bei Kachen respektiv waarm Duschen entstoe kann.

Installéiere muss een d'Dampmelder um Plaffong - oder, wann et net anescht geet, ganz uewen un enger Mauer. Et muss een awer oppassen, se net direkt bei enger Luucht oder enger Ventilatioun respektiv Klimaanlag ze fixéieren.

Reegelméisseg testen

Ze kafe kritt een Dampmelder a Baumäert, Supermarchéen oder spezialiséierte Geschäfter. Wichteg beim Kaf ass et, op d'"CE"-Symbol Uecht ze ginn. Dat garantéiert nämlech, datt den Apparat den europäeschen Ufuerderungen an Normen entsprécht.

Wann e bis hänkt, soll een och net vergiessen den Dampmelder reegelméisseg ze testen - beschtefalls ee Mol am Mount. Heifir gëtt et um Apparat en Testknäppchen.

Mee wat soll een da maachen, wann en Dampmelder lassgeet? D'Wunneng direkt verloossen, aus dem Gebai erausgoen an den 112 uruffen.


All d'Informatiounen zu den Dampmelder, déi vum 1. Januar un an all Lëtzebuerger Wunneng Flicht sinn, ginn et op rauchmelder.lu.