Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Quasi Qui - Epoch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Kersch: "De Koalitiounsaccord gëtt net nei verhandelt"

Tripartite

Dan Kersch: "De Koalitiounsaccord gëtt net nei verhandelt"

Den Aarbechtsminister erwaart sech konkreet Resultater vun der Tripartite: d'nächst Woch misst festgehale ginn, wéi d'Aarbechtspolitik soll ausgesinn, déi d'Land aus der Kris féiert, esou den Dan Kersch.

auto_stories

2 min

Den Dan Kersch ass Vizepremier an Aarbechtsminister

De Regierungsprogramm gëtt, trotz der Kris, net nei verhandelt, ënnersträicht de Vizepremier an Aarbechtsminister. D'Regierung wéilt un de Prinzippie festhalen, déi virun zwee Joer ausgemaach goufen, esou den Dan Kersch.

Eenzel Punkte missten eventuell ugepasst ginn, mee de Koalitiounsaccord misst net nei verhandelt ginn. Et wier ee sech eens, wat een an deenen nächste Jore wëllt maachen, an dat géif och net duerch d'Kris geännert ginn.

"Et muss gekuckt ginn, ob net Prioriséierunge musse gemaach ginn an eenzele Punkten, ob eenzel Punkten net mussen no vir gezu ginn, ob aner Punkten net nach weider mussen developpéiert ginn. Mee déi grouss Prinzippie vum Koalitiounsaccord, déi ginn net ugetaascht. Do si mer eis an der Regierung och eens."

Manner Betriber froe Chômage partiel un

Den Aarbechtsminister rechent domat, datt de Chômage den nächste Mount weider klemmt. Am Juli dierfen d'Betriber nees aus ekonomesche Grënn Leit entloossen, an dofir misst een dermat rechnen, datt verschidden Entreprisen dat och maachen, esou den Dan Kersch.

Wéi vill Leit am Moment nach am Chômage partiel sinn, konnt hien iwwerdeems net genee soen, well déi Ofrechnung eréischt um Enn vum Mount gemaach gëtt. Et géifen awer manner Betriber Chômage partiel ufroen.

Am Abrëll hätten déi meescht Betriber Chômage partiel kritt, den Dan Kersch schwätzt vu ronn 14.000 Betriber. Am Juni hätten awer just nach 6.000 Betriber eng Demande gestallt. "Et gesäit een also do och erëm en Erhuele bei de Betriber selwer", esou den Aarbechtsminister.

En Accord mat de Sozialpartner fannen

Den Dan Kersch hofft, datt et an der Kris méi einfach ass en Accord tëschent de Sozialpartner ze fannen. Vun der Tripartite erwaart den Aarbechtsminister konkret Resultater, an zwar "Grondprinzippie vun enger offensiver Aarbechtsmaartpolitik".

Wéi eng Proposen d'Regierung derbäi wäert op den Dësch leeën, wollt den Dan Kersch net verroden. Den Aarbechtsminister huet ënnerstrach, et wier net gutt fir d'Verhandlungen, wann all Säit schonn am Virfeld ëffentlech Fuerderunge stellt.