Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Adi Oasis - Get It Got It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dan Kersch hält u Propos fest

Corona-Steier

Dan Kersch hält u Propos fest

Den LSAP-Vizepremier bleift bei senger Propos vun enger Steierhausse fir Gewënner wärend der Corona-Kris. Dobäi géif et him an éischter Linn ëm eng prinzipiell Diskussioun iwwer Steiergerechtegkeet goen, esou den Dan Kersch am 100,7-Interview. Dee konkrete Modell vun enger Corona-Steier, déi hien an d'Gespréich bruecht hat, war vun der Piratepartei als wéineg sënnvoll kritiséiert ginn.

auto_stories

3 min

Den LSAP-Vizepremier Dan Kersch hat eng Steier fir Gewënner wärend der Corona-Kris an d'Spill bruecht. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Op Basis vun ëffentlech zougänglechen Donnéeën iwwer d'Bilane vun de Betriber hat de Sven Clement, Deputéierte vun de Pirate berechent, datt d'Corona-Steier, wéi den Dan Kersch se proposéiert, wuel op ee Joer gekuckt eng 30 Milliounen Euro géif era bréngen.

Dat steet am Kontrast zum krisebedéngt groussen Defizit am Budget vum Zentralstaat vu bal dräi Milliarden Euro zejoert. An och dëst an d'nächst Joer kéinte jeeweils ëm déi eng Milliard Euro feelen.

De ganzen Interview mam Dan Kersch lauschterenplay_arrow

Den Dan Kersch seet, hie wier op zwee Joer vun enger Recette vun 100 bis 120 Milliounen Euro ausgaangen - dat wier effektiv net vill am Verglach zu de Käschte vun der Kris, mee och "net näischt".

Just ee méiglecht Beispill

Et wier a sengen Aen och net sënnvoll d'Debatt just un där enger Propose festzemaachen, seng Propos wier just ee Beispill gewiescht, wéi een eng Corona-Steier kéint ëmsetzen. Dës Propos hätt hien och "selbstverständlech" mat Leit ofgeschwat, "déi eppes vu Steieren zu Lëtzebuerg kennen".

"Et ginn awer natierlech och aner Méiglechkeeten. Et kann ee sech zum Beispill och virstellen, datt d'Solidaritéitssteier fir Betriber, déi gutt geschafft hunn, wärend enger gewësser Zäit e bëssen an d'Luucht setzt. An et kéint ee se fir déi, déi wierklech Schwieregkeeten hätten, e bëssen erofsetzen. Dat ass en anert Beispill, wéi ee kéint un d'Fro eru goen. Mee fir d'éischt muss de Prinzip diskutéiert ginn: Wie soll hei bezuelen?"

D'Pirate verweisen och op d'Beispill vum Online-Händler Amazon, deen zu Lëtzebuerg säin europäesche Siège huet. Amazon Europe huet zejoert e Rekordgeschäft gemaach, mee eng Perte deklaréiert, géif also net ënner déi proposéiert Corona-Steier falen.

Zum Problem, datt multinational Internetkonzerner hir Gewënner kënnen - méi oder manner artificiell - kleng rechnen, seet den Dan Kersch, datt dat kee Grond wier fir d'Iddi vum Prinzip hier ze torpedéieren. "Ech mengen net, dat ass een zousätzlecht Beispill fir ze weisen, datt sou wéi et aktuell leeft, net ka weider goen."

"Den Debat an der Regierung ass permanent"

D'Koalitiounspartner DP an déi gréng hunn dem Dan Kersch senger Iddi vun enger Corona-Steier méi oder manner kategoresch eng Ofso erdeelt . Fir den Dan Kersch ass déi prinzipiell Diskussioun iwwer Steiergerechtegkeet an de Finanzement vun de Krisemesuren domadder awer net ofgeschloss.

"Deen Debat an der Regierung ass permanent, mee e gëtt natierlech nach méi konkret, wann et ëm de Budget geet. An do wäerte mir Propositioune maachen. Eng Rei dovunner fléissen an dee Budget an, an anerer do fanne mir keng Majoritéit an dëser Regierung. Sou leeft et an enger Koalitioun."

Fir d'LSAP géife méi héich Steieren op Kapitalrevenuen, Verméigen, oder dem Besëtz vu vill Bauland och zu enger Diskussioun iwwer Steiergerechtegkeet gehéieren, sou nach den Dan Kersch - ouni sech awer op präzis Modalitéite festzeleeën.