Radioen

On air

Notturno  |  Loivós - Mindcage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dan Kersch huet sech an LSAP onnéideg ënner Drock gesat"

Chronik

"Dan Kersch huet sech an LSAP onnéideg ënner Drock gesat"

De Vizepremier Dan Kersch huet virgëschter annoncéiert, datt hie bei de Chamberwalen an zwee Joer net zur Verfügung steet fir Spëtzekandidat vun der LSAP ze ginn. Ob hie säi Mandat als Minister bis 2023 fäerdeg mécht, huet hien am Raum stoe gelooss. Déi Kommunikatioun vum Sozialist huet hien a seng Partei onnéideg ënner Drock gesat, mengt de Jean-Claude Franck an enger Chronik.

auto_stories

2 min

De radio 100,7 Chefredakter Jean-Claude Franck

Wien déi lescht Wochen nach näischt vum Dan Kersch senge Gedankespiller héieren hat, war dëse Méindeg vläicht iwwerrascht: Firwat geet en LSAP-Minister zwee Joer virun de Walen hin, a seet 'ech wëll net Spëtzekandidat ginn', nodeems hie virun zwee Joer hei um Radio net ausgeschloss hat, dorun interesséiert ze sinn.

Den Dan Kersch huet natierlech realiséiert, datt d'Paulette Lenert mat hiren aktuelle Beléiftheetswäerter gutt Chancen op d'Spëtzekandidatur huet. A wann d'Partei wëllt mat enger duebeler Spëtzt an d'Walen, dann dierft och e populäre Jean Asselborn virum Dan Kersch sinn.

Mee da kann ee sech nach ëmmer froen: Firwat elo iwwer Spëtzekandidature schwätze wann déi Fro sech nach guer net akut stellt, an d'Wieler idealerweis net elo schonn den Androck kréien, datt d'LSAP elo schonn haaptsächlech un déi nächst Chamberwalen denkt?

Nach vill Onkloerheeten

Hannergrond ass, datt den Dan Kersch déi lescht Wochen a Gespréicher net verstoppt huet, datt hien driwwer nodenkt, scho virun de Walen als Minister opzehalen. Eng vu senge Virstellungen: Mam aktuellen LSAP-Fraktiounschef Georges Engel d'Posten tauschen.

Wéi mir d'lescht Woch beim Dan Kersch nogefrot hunn, wat un deenen Informatiounen dru wier, huet hie sech geduecht: Flucht no vir, bei RTL goen, an d'Kommunikatioun selwer maachen. Just, datt seng Iddien net vu jidderengem an der Partei an an der Koalitioun gedeelt ginn, an datt hie selwer net decidéiert ze si schéngt, wéi hien et genee wëllt maachen.

D'Diskussioun ëm Spëtzekandidate kënnt ze fréi

Sou, datt de sozialistesche Vize-Premier erausgaangen ass ouni kënnen ze soen, ob hie bis 2023 an der Regierung bleift oder net.

D'Resultat ass, datt déi Responsabel an der Partei a besonnesch och d'Paulette Lenert reegelméisseg no der Spëtzekandidatur fir 2023 befrot wäerte ginn. Si wäerten iergendwann fannen, datt déi Diskussioun ze fréi kënnt.

An den Dan Kersch wäert déi nächst Woche reegelméisseg gefrot gi, wéi laang hien nach wëll Minister bleiwen. Wien hie kennt, weess, datt e selwer doriwwer wäert genervt sinn. En ass et nämlech elo schonn. Dat wieren alles Spekulatioune fir him oder der Partei ze schueden, sot hien dës Woch am 100,7-Interview. Dobäi huet hien dat alles selwer un d'Rulle bruecht...