Radioen

On air

De Moien  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Eenegkeet zum Anniversaire

60 Joer Réimesch Verträg

Keng Eenegkeet zum Anniversaire

Viru 60 Joer hu sechs europäesch Länner d’Traitéë vu Roum ënnerschriwwen. De Projet vun der europäescher Vereenegung gouf domadder politesch gefestegt. Pünktlech zum 60. Anniversaire soll Groussbritannien d'Prozedur fir den EU-Austrëtt lancéieren. An dat ass just eng vun den Erausfuerderungen, déi d'EU den Ament ze meeschteren huet.

auto_stories

3 min

De 25. Mäerz 1957 goufen déi zwee Réimesch Traitéen ënnerschriwwen. D’Beneluxlänner, Däitschland, Frankräich an Italien, hunn deemools eng supranational Communautéit an d’Liewe geruff, déi zur Europäescher Unioun mat hiren aktuell 28 eru gewuess ass.

Pünktlech zum Anniversaire, de 29. Mäerz, soll Groussbritannien op Basis vum Artikel 50 vum Lissabonner Traité d'Prozedur fir den EU-Austrëtt lancéieren. Aner Krisen am Beräich vun der Migratioun, dem Asyl, grad ewéi d’Finanzkris oder nach euroskeptesch Parteien droen zur schlechter Ambiance an der EU bäi.

Réimesch Verträg: Schwaach sozial Dimensioun

De Prinzip vun der fräier Zirkulatioun vun de Wuere gëtt an de Réimesche Verträg als éischt ernimmt. Wat déi fräi Zirkulatioun vun de Persounen ugeet, gouf déi an enger éischter Phase op d’Salariéeë limitéiert.

Déi sozial Rechter ginn ernimmt, mee op eng vill méi defensiv Aart a Weis ewéi déi ekonomesch Prinzipien, esou eis Bréissel-Korrespondentin Danièle Weber. Och de Wirtschafts- a Sozialausschoss deen 1957 an d’Liewe geruff gouf, hätt nëmmen eng berodend Funktioun. Dat ass bis haut ee Schwaachpunkt vum europäeschen Integratiounsprojet.

Gemeinsam Deklaratioun - keng gemeinsam Linn

Um 60. Anniversaire vun de Réimesche Verträg wëllen d’EU-Memberlänner an enger gemeinsamer Deklaratioun ee Message vun Eenheet vermëttelen. Am Virfeld vum Sommet, gouf et iwwer dësen Text awer kee Konsens.

Zum Beispill ass net kloer, ob déi sozial Fro an der Deklaratioun zum 60. Anniversaire vun den Traitéë wäert erwähnt ginn, mengt d'Danièle Weber. Bis elo wier ëmmer nees behaapt ginn, datt Groussbritannien an de sozialen Dossieren blockéiert. Elo missten déi 27 aner Membere beweisen, datt si déi Dimensioun elo anescht wéilten upaken.

D'Deklaratioun, déi um Sommet zu Roum vun de Staats- a Regierungschefë soll ugeholl ginn, géif riskéiere verwässert ze ginn. Déi 27 wiere sech net driwwer Eens, wéi se sech wëllen no baussen duerstellen.

Fënnef Zeenarie fir d'Zukunft vun Europa

De President vun der EU-Kommissioun huet Uganks Mäerz fënnef Zeenarie beschriwwen, wéi d’Zesummenaarbecht tëscht de 27 EU-Memberlänner an Zukunft kéint ausgesinn. D’EU kéint esou weider gefouert ginn ewéi bis elo oder sech op ee Bannemaart limitéieren. Ee weidere Modell gesäit een Europa vun de verschiddene Vitessë fir.

Am September soll de Jean-Claude Juncker a senger Ried zur Lag vun der Unioun präziséiere fir wéi ee Modell hie plädéiert. Et ass dem Danièle Weber no kloer, datt ee Land ewéi Polen géint een Europa vu méi Vitessen ass, dëst aus Angscht datt déi grouss Länner déi kléng iwwerhuelen.

De facto wier dat awer schonn elo de Fall mat der Eurozon an dem Schengener Raum. D'Journalistin hält et fir wahrscheinlech, datt d’EU sech nach méi an déi Richtung wäert entwéckelen.