Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Cruiser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass einfach ze geféierlech"

Prisong

"Dat ass einfach ze geféierlech"

Am Prisong zu Schraasseg sinn nach ëmmer keng "Visites hors surveillance" méiglech. Dat confirméiert den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Anescht wéi d'asbl. "eran, eraus... an elo?" et virgëschter kritiséiert hat, wier et falsch ze soen, datt déi normal Besuchszäiten nach ëmmer "drastesch gekierzt" wieren: virun der Pandemie wiere fënnef bis sechs Stonne Visitt pro Mount a pro Prisonéier erlaabt gewiescht, de Moment wieren et aacht Stonnen, esou de Serge Legil.

"De Prisong bleift eng vulnerabel Geschicht"

Wéinst der Pandemie géifen et awer nach gewësse Limitatioune ginn. Et wier een nach net aus der Covid-Situatioun eraus, dat ënnersträicht de Serge Legil: "mir sinn net duerch d'Pandemie", seet den Direkter vun der Prisonsverwaltung.

Am Prisong gouf z.B. et dëse Mëttwoch e weidere positive Covid-Fall a 24 Prisonéier hu mussen a Quarantän, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

"De Prisong bleift eng vulnerabel Geschicht, wou Leit sëtzen, déi Besoins specifiques hunn, wou mer et net kënne riskéieren, datt se ze vill mam Covid a Kontakt kommen."

Dofir géifen et nach ëmmer keng Visites non-surveillées ginn, well een do net garantéiere kéint, datt d'Distanzreegelen, grad wéi d'Droe vun der Mask an den Ofstand agehale ginn. "Dat ass einfach ze geféierlech." D'Modifikatioune wieren dem Serge Legil no op Urode vum Médecin coordinateur vum Prisong gemaach ginn.

Visitte sinn zäitlech limitéiert

Bei de Visitte mat Iwwerwaachung am Prisong géif et awer kee Plexiglas méi ginn, d.h. physesche Kontakt wier duerchaus méiglech, erkläert de Serge Legil. D'Famill an d'Kanner kéinten op Besuch bei d'Prisonéier.

D'Visitte wieren op eng hallef Stonn limitéiert, duerno misst de ganze Sall desinfizéiert ginn. "Dat dauert och erëm eng gewëssen Zäit", preziséiert de Serge Legil.

Den Direkter vun der Prisongsverwaltung ass net der Meenung, datt den Impakt op déi mental Gesondheet "esou riseg" wier, wéi d'asbl. "eran, eraus... an elo?" et an hirem Schreiwes beschriwwen hat.

Hie gëtt zou, datt et zu engem moderne Strofvollzuch gehéiert, ee Kontakt non-surveillé ze organiséieren. "Mee am Moment hale mer eis awer scho gären un dat, wat eis Wëssenschaftler eis soen."

Zu Schraasseg sinn de Moment 556 Prisonéier: scho bei 510 Leit wier de Prisong ausgelaascht, sou datt elo mat Noutbetter muss geschafft ginn, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil. Am Moment wier de Prisong "gutt voll."