Radioen

On air

Notturno  |  Steve Gunn And David Moore - Painterly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat ass en No-Go

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot

Dat ass en No-Go

Datt Flüchtlingsfamille mat Kanner, wa se de Statut net kruten, virun hirer Ausweisung an de Centre de rétention gesat ginn, ass a bleift fir de Flüchtlingsrot absolut net akzeptabel. Zejoert war déi erlaabt maximal Openthaltsdauer fir deboutéiert Famillen, trotz ville Kritiken aus der Zivilgesellschaft, via Gesetz, vun dräi op siwen Deeg eropgesat ginn.

auto_stories

4 min

Dat gouf domat begrënnt, datt ee méi wéi 72 Stonne bräicht, fir e Retour forcé z'organiséieren an ofzewéckelen. Dee fir Immigratiounsfroen zoustännege Minister Jean Asselborn erkläert, datt deen zousätzleche legale Sputt an der Praxis awer nëmmen zu engem ganz klengen Deel gebraucht a genotzt gëtt. Et wier ee vun 3 op 3,46 Deeg an der Moyenne eropgaangen, an et géif een alles dofir maachen, fir datt een net u siwen Deeg erukënnt.

Dat wier evident, esou de Jean Asselborn. "A wann ech dat dierf soen: et ass d'Responsabilitéit vum Staat, dat dat anstänneg gemaach gëtt, mee et ass awer och d'Responsabilitéit vun Elteren, déi kloer wëssen, datt se deboutéiert sinn." Et misst een dofir méi Efforte maachen, fir d'Leit z'iwwerzeegen, datt se, wa se deboutéiert ginn, eben dat maachen, wat d'Gesetz seet.

Nämlech: D'Land fräiwëlleg verloossen. Sou wéi iwwregens d'Majoritéit vun den deboutéierte Flüchtlingen dat och mécht: 80 Prozent vun hinne sinn 2016 vum selwe gaangen, 2017 waren et der wuel manner, awer ëmmer nach 70 Prozent, déi fräiwëlleg goungen.

Bis zu sechs Méint an engem Zelt

Déi aner Kategorie vu Flüchtlingen, déi fortgeschéckt ginn, sinn déi sougenannt Dubliner. Flüchtlingen also, déi schonn an engem anere Land vun der EU Asyl ugefrot, awer net kritt hunn, kënnen net nach eemol hei zu Lëtzebuerg eng Demande op Asyl maachen. Si ginn dofir an d'Land vun hirer éischter Demande zréckgeschéckt. Bis et esou wäit ass, kommen si an de SHUK - "Structure d'hébergement d'urgence Kirchberg".

D'Nona Sehović vun der Caritas erkläert, datt dësen Transfert an en anert EU-Memberland eelef Méint dauere kann. De SHUK wier en Hangar, wou d'Leit zu zwielef an engem Zelt wieren, verschiddener bis zu sechs Méint. D'Marie-Cécile Charles vun der Caritas gëtt ze bedenken, datt dës Persounen als "Demandeurs de protection internationale" ugesi géife ginn a freet, wisou si net an engem Foyer ënnerbruecht géife ginn.

"Do ass en Ënnerscheed"

Dat géif esou net stëmmen, kontert de Minister: Dubliner wieren net dat selwecht wéi Flüchtlingen, déi iergendwou eng éischt Demande op Asyl maachen. Et kéint ee Flüchtlingen aus engem Krichsgebitt, déi ënnert d'Genfer Konventioun falen, net op de selwechten Niveau stelle wéi déi, déi hir Prozedur schonn an anere Länner ugefaangen hunn oder deboutéiert sinn, esou de Jean Asselborn. "Do ass een Ënnerscheed, an deen ass net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, deen ass an all europäeschem Land."

An deem Sënn wier de SHUK eng Alternativ zu der Retentioun, an net zum Accueil. Eng Openthaltsdauer vu sechs Méint oder méi wier eng rar Ausnahm, den Duerchschnëtt géif bei 30 Deeg leien. Et gëtt am SHUK d'Obligatioun, tëscht owes eelef a mueres sechs dobannen ze sinn. Dagsiwwer kënnen d'Flüchtlinge sech fräi beweegen.

Eng onnëtz Struktur?

E relativ héije Prozentsaz vun hinnen, d'ONGe schwätze vu 60 bis 80 Prozent, maache sech iergendwann duerch d'Bascht a kräizen net méi um Kierchbierg op. Fir de Jean Asselborn ass dat e kollateralen Effekt, deen a Kaf ze huelen ass. Fir de Flüchtlingsrot en Argument, datt déi ganz Struktur onnëtz a souguer kontraproduktiv ass.

Op senger Pressekonferenz huet de Collectif réfugiés sech awer net just mat deene Flüchtlinge beschäftegt, déi fort mussen. En huet och Saache gesot iwwer d'Situatioun vun deenen, déi hei bleiwen. Zum Beispill, datt et inacceptabel wier, datt ëmmer erëm Flüchtlingen, Eenzeler oder ganz Famillen, vun engem Foyer an en anere verluecht ginn, ouni datt kloer wier firwat. Dacks géife si och net mat Zäit doriwwer informéiert ginn, soen d'ONGen, déi an der Flüchtlingshëllef aktiv sinn. Ëmsou méi, wann déi Leit sech schonn do, wou si waren, agelieft hätten.

Autonomie huet och mat Suen ze dinn

Wat d'Integratioun ubelaangt, huet de Flüchtlingsrot kloer Erwaardungen un de Parcours d'Intégration Accompagné (PIA), deen am September zejoert ugelaf ass. Erwaardungen am Hibléck op eng eventuell Integratioun um Aarbechtsmaart beschreift d'Marie-Cécile Charles vun der Caritas esou: "Pour le LFR, le PIA doit surtout stimuler et encourager l'autonomie des demandeurs de protection internationale qui pour la plupart sont hébergés dans les foyers. Mais il doit également identifier les compétences."

Den Accès zu enger Schaff misst fir Flüchtlingen och erliichtert ginn. Méi Autonomie hätt och eppes mat Suen ze dinn, déi een zu senger Verfügung huet. Dofir misst d'Allocatioun vun aktuell 26 Euro pro Erwuessene pro Mount onbedéngt eropgesat ginn, esou d'Kritik.

En internationale Kontext

Firwat ass de Flüchtlingsrot mat deels bekannte Revendicatiounen an d'Ëffentlechkeet gaangen? Och wéinst dem internationale Kontext: Ëmmer nach erdrénke Flüchtlingen am Mëttelmier, an den europäesche Länner hëlt d'Gewalt géint Migranten zou.

Et misst een d'Bevëlkerung weider sensibiliséieren, mee et bräicht een och eng politesch Léisung fir datt d'sozial Kohesioun an der Gesellschaft gléckt. Et misst een d'Grondrechter respektéieren, esou d'Nona Sehović vun der Caritas. De Flüchtlingsrot wëll dofir och elo de Kontakt mat de politesche Parteie sichen, an en hofft ganz staark, datt d'Flüchtlingsfro während der Wahlcampagne net instrumentaliséiert gëtt.