Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  KCIDY - Sentiment Banal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass eng kleng Katastroph"

Ombudsman

"Dat ass eng kleng Katastroph"

Den Ombudsman huet sech am Joer 2018 mat 595 Demandë vu Bierger befaasst, déi e Problem mat enger staatlecher oder kommunaler Verwaltung haten. 331 vun dësen Demanden, also gutt zwee Drëttel dovunner, ware recevabel.

auto_stories

4 min

D'Claudia Monti ass zanter dräi Joer Mediatrice

An dräi Véierels vun de Fäll hätt si no hirer Interventioun och ganz oder deelweis Satisfaktioun kritt, sot d'Mediatrice Claudia Monti bei der Presentatioun vum Rapport iwwer dat virlescht Joer an der Chamber.


Explikatiounen zu Rapport vum Maurice Molitorplay_arrow


Et wieren iwwer d'Joren ëmmer erëm déi selwecht Verwaltungen, déi concernéiert sinn. Si géife ganz ënnerschiddlech op hir Froen a Suggestioune reagéieren, sou d'Mediatrice: eenzeler wiere ganz flexibel an zevirkommend, anerer hätten dogéint d'Tendenz stuer ze bleiwen.

Sech e Bild vun der Plaz maachen

Den Ombudsman ass fir Problemer mat staatlechen a kommunale Verwaltungen zoustänneg, an och fir all Etablissement public, dee vum Staat oder vu Gemengen ofhänkt. Net zoustänneg ass e fir eng Rei Acteuren, déi e Service public assuréieren, déi awer a Privathand sinn: eenzel Altersheimer zum Beispill oder Atelier protégéen.

Hei hätt den Ombudsman guer keng Kontroll "an dat ass eng kleng Katastroph", seet d'Claudia Monti. "Et ass plutôt eng grouss Katastroph fir déi Leit, déi concernéiert sinn."

D'Claudia Monti, déi zanter dräi Joer Mediatrice ass, bedauert dat, well si dacks vu Leit aus esou Institutioune kontaktéiert gëtt: an der leschter Zäit géif si ëmmer méi saiséiert ginn.

"Dir hutt da Leit, déi uruffen, déi extrem fragiliséiert sinn, déi och deelweis um Telefon bei eis kräischen, wou mer näischt kënne maachen. Mir kënnen deene Leit héchstens nolauschteren, an da soen: "Jo, gutt, no Méiglechkeet probéiert Iech e bëssen ze wieren, sou gutt wéi Der kënnt." Mee mir kënnen do näischt maachen. Dat ass wansinneg frustrant."

Wann den Ombudsman dofir zoustänneg wier, da kéint si op d'Plaz goen a sech d'Situatioun ukucken, seet d'Claudia Monti. "Vläicht ass dat jo och net esou dramatesch, wéi d'Leit mir dat zielen, a vläicht ass dat just esou, wéi si dat erliewen, a vläicht gëtt et do eng Erklärung. Mee da sinn d'Leit rassuréiert, da kann ech hinnen et emol erklären."

Eng méiglech Erklärung kéint beispillsweis sinn, datt net genuch Leit op där Plaz schaffen, oder verschidde Reglementatioune kéinten eng Erklärung fir ee Problem sinn. "Oder vläicht hu si Recht, an dann hu mir e klärend Gespréich." Dat kéint d'Claudia Monti awer just feststellen, wa si op d'Plaz kéint goen a sech d'Situatioun kéint ukucken.

Decisioune verstoen

D'Leit, déi bei den Ombudsman kommen, wieren net ëmmer just drop aus, datt d'Verwaltung eng Decisioun, déi si betrëfft, ëmännert oder réckgängeg mécht. Grad wéi hir Virgänger ënnersträicht d'Mediatrice Claudia Monti och d'Wichtegkeet vun enger klorer, einfacher Kommunikatioun.

CNS, ADEM, Steierverwaltung wieren déi Administratiounen, bei deenen den Ombudsman am heefegsten intervenéiert. Net well se extra schlecht funktionéiere géifen, mee well se mat ganz ville Bierger direkte Kontakt hunn. Ganz dacks wieren d'Bierger schonn zefridden, wa si d'Decisioun kéinten novollzéien a géife verstoen. Dat kéinte si awer net, wa si just eng onperséinlech Standard-Äntwert kréien.

D'Claudia Monti mécht dofir den Appell, datt d'Leit alleguerten eng individualiséiert Äntwert zegutt hätten. Déi misst net bis an de leschten Detail sinn, mee et misst eng Äntwert op déi Fro sinn, déi d'Leit stellen.

Problemfall Gemengen

Ee Problem huet d'Mediatrice mat de Gemengen. Net mat allen, mee mat eenzelen. Awer ëmmer mat deene selwechten, déi sech dem Ombudsman komplett géife verschléissen. Fir keen Ueleg op d'Feier ze schëdden, hätt si déi Gemenge bis ewell ni mam Numm genannt, mee si géif sech iwwerleeën, ob et net vun Interêt wier, "eng Kéier d'Kand mam Numm ze nennen".

"Et kann net sinn, da gewielte Vertrieder, déi do si fir hir Bierger ze representéieren, eng Kooperatioun mat enger Persoun refuséieren, déi probéiert eng Situatioun ze arrangéieren."

D'Situatioun arrangéieren, also d'Problemer léisen, ass eppes, wat dem Ombudsman 2018 an dräi Véierels vun de Fäll gegléckt ass.

Vill Punkten, déi d'Mediatrice Claudia Monti an hirem Rapport beklot huet, goufen och scho vun hire Virgänger kritiséiert. Dofir stellt sech d'Fro, ob den Asaz vum Ombudsman nohalteg eppes bréngt, oder just punktuell hëlleft?

D'Claudia Monti mengt, datt et heiansdo e bësse méi laang géif daueren. "Dir hutt Situatiounen, déi sinn och méi einfach ze reegele wéi anerer. Mee et ass awer scho munches beweegt ginn." Vill Administratioune wieren hir entgéintkomm a wiere mat Ännerungen averstanen.