Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Beyoncé - Cuff It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass eng komplex Matière"

Fichier Central

"Dat ass eng komplex Matière"

Mat engem Gesetz vum 1. August 2018 hätt de Fichier central vun der Police eng legal Basis, dat äntwert de Policeminister François Bausch zesumme mam Justizminister Felix Braz den CSV-Deputéierte Mosar a Roth op eng parlamentaresch Fro. Hien hätt d'Dateschutzkommissioun an d'Policeinspektioun awer gefrot fir z'analyséieren "ob mir näischt iwwersinn hunn", sou de François Bausch.

auto_stories

3 min

De François Bausch ass gläichzäiteg Minister fir bannescht Sécherheet, Transport a Verdeedegung

Wann dann eppes nozebessere wier, géif dat och geschéien. Problemer géifen et nach gi mat der Synchronisatioun vum Policefichier an dem Casier judiciaire: heiansdo géife bei der Police nach Saachen dra stoen, déi bei der Justiz scho geläscht sinn. Mee déi Problemer wieren am gaange geléist ze ginn.

D'CSV ass net iwwerzeegt. Weder dovun, nach vun aneren Elementer an der Äntwert vun de Ministeren, déi méi Froe géif opwerfe wéi se der beäntwert, sou den Deputéierte Laurent Mosar. Zesumme mat sengem Fraktiounskolleg Gilles Roth huet hien dofir eng weider Fro an zéng Punkten nogeschéckt, an där op Widderspréch an op bekannt, mee net geléiste Problemer higewise gëtt.

D'CSV wëllt weider Präzisiounen, a mécht däitlech, datt déi Saach do fir si nach laang net gehalen ass. De Laurent Mosar hätt gär, "datt komplett Transparenz an deem Dossier gemaach gëtt" an "datt de Rechtsstaat hei voll spillt." Et géif ëm déi fundamental Rechter vun de Bierger goen, "an déi si fir eis am Moment iwwerhaapt net respektéiert", esou den CSV-Deputéierten.

Rekrutement bei der Police opmaachen

Bei der Police soll an den nächste Joer massiv rekrutéiert ginn. Lëtzebuerg wiere Land vu 600.000, dagsiwwer - mat de Frontalieren - souguer vun 800.000 Awunner. An där demographescher Realitéit wier an der Vergaangenheet bei de Policeeffektiver net genuch Rechnung gedroe ginn. Bei der Sich no neie Polizisten, wëllt de François Bausch och eng Ouverture fir Bierger aus aneren EU-Länner net vu vir eran ausschléissen:

"Ech sinn e Mënsch, dee sech keng Tabue wëll operleeën. Et muss een d'Fakte kucken, wéi se sinn. An dofir soll ee sech keng Barrière setzen am Genre "dat do op kee Fall". Dat ass falsch, well wann ee Pech huet - an zwee, dräi Joer - ass d'Situatioun anescht, an da steet een do mam Réck zur Wand. Dofir soll een de Kapp ophalen, a kucken, sech keng Méiglechkeet zou ze maachen. Fir datt mir hei eng modern Police kréien, déi och hir Aarbecht uerdentlech ka maachen ... am Respekt vun den Aarbechtsbedéngunge vun de Leit."

Adieu sozial Netzwierker

Am Abrëll huet de Minister François Bausch d'Decisioun geholl, net méi op de soziale Reseauen aktiv ze sinn. Vun Twitter ass hie ganz verschwonn, op Facebook gëtt et nach eng Säit, mee do gëtt näischt méi gepost. Hie hätt net méi wëlle matmaachen an deem Spill vun ëmmer méi séiere Reaktiounen, net fondéierten Diskussioune wou sech och dacks am Toun vergraff gëtt.

Am Ufank hätt de François Bausch d'Impressioun gehat, datt et nach eenegermoosse gaange wier, mee hien huet d'Impressioun, "datt et méi schlëmm ginn ass". Leit géife mëttlerweil heiansdo aus der Hëft eraus aggressiv reagéieren, "quasi net méi liesen, wat een iwwerhaapt schreift", beklot sech de Minister.

"An dann ass et och heiansdo schwéier, komplex Matièren an e puer Zeilen ze beschreiwen. Dat verkierzt d'Problemer dacks extrem a féiert dozou, datt d'Leit zu schwaarz-wäiss-Denkweise kommen, Tunnelblécker kréien. An dat wëll ech net."