Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass eppes, wat mir net acceptéieren"

Koalitiounsaccord

"Dat ass eppes, wat mir net acceptéieren"

Déi nei Regierung géif eng lénk Politik maachen, an de Koalitiounsaccord wier ideologesch ausgeluecht, seet de Fernand Kartheiser. LSAP, DP an déi gréng géifen e Familljemodell imposéieren.

auto_stories

3 min

An den nächste Jore géifen d'Lëtzebuerger an d'Minoritéit geroden. Hie géif sech vun der neier Regierung eng Approche dozou erwaarden, wat ee fir d'Integratioun vun den Auslänner wëllt maachen.

Keng Äntwert op Wuesstumsfro

De Fernand Kartheiser huet kritiséiert, datt an zukunftsrelevante Froen, wéi beim Wuesstum wahrscheinlech näischt déi nächst fënnef Joer wäert geschéien. De grondsätzleche Problem, dee vun der Wuesstumsspiral, géif net ugepaakt ginn. Et wier dofir wichteg de Courage ze hunn de Leit ze soen, datt ee misst de Pensiounssystem reforméieren, fir si wierklech op d'Zukunft virzebereeden.

Et kéint een net aus der Wuesstumsspiral erauskommen an et wier een dann an enger Situatioun, wou ëmmer méi Leit an d'Land kommen. Et géif dann och ëmmer méi schwiereg ginn, fir e Logement ze fannen. "Dat heescht, mir kënne plooschteren. Dat ass awer net d'Medezin, déi mir brauche fir wierklech d'Situatioun an de Grëff ze kréien."

De Koalitiounsaccord géif den Androck hannerloossen, datt een "nach méi Plooschteren op de Patient" géif maachen, "awer d'Krankheet u sech net heelen" géif, esou de Fernand Kartheiser. "Dat ass net déi Approche, déi nohalteg ass." Dernieft wier d'Staatsschold e Problem, esou d'Analys vum Fernand Kartheiser.

"Koalitiounsaccord imposéiert en ideologesche Familljemodell"

Datt d'Regierung wéilt e gewësse Familljemodell imposéieren, kritiséiert de Fernand Kartheiser:

"Jiddweree muss schaffe goen. De Staat erzitt d'Kanner. Et ass de Staat, deen d'Wäertevermëttlung soll iwwerhuelen. Et ass de Staat, deen iwwer d'Kanner bestëmmt. D'Eltere gi schaffen an de Staat mécht de Rescht. An dat ass eppes, wat mir net acceptéieren."

Datt beispillsweis d'Kannergeld soll indexéiert ginn, wier eng al Fuerderung vun der ADR, an dat kéint hien nëmme begréissen, seet de Fernand Kartheiser. Et misst een awer kucken, wéi dat finanzéiert géif ginn. Den ADR-Deputéierte kritiséiert awer, datt déi verschidde Moossname wéi gratis Crèchen dee Familljemodell favoriséiere wëllt, bei deem déi zwee Elterendeeler schaffe ginn. "A wat mir soen als ADR, mir hätte gär de Choix."

De Fernand Kartheiser fuerdert dofir, datt och eppes fir déi Famille gemaach gëtt, an deenen ee vun den Elterendeeler decidéiert doheem ze bleiwe fir sech ëm d'Kanner ze bekëmmeren. "An dat ass eben de groussen Ënnerscheed tëschent der Regierungspolitik an der ADR-Politik".

Kritt d'ADR eng méi identitär Ausriichtung?

Nieft dem Fred Keup wieren eng Rei aner Membere vun der Beweegung Wee 2050 der ADR bäigetratt, sot de Fernand Kartheiser. Wéi vill wéisst hien awer net. Op d'Fro, ob d'ADR doduercher eng méi identitär Ausriichtung géif kréien, sot de Fernand Kartheiser, hie géif net mengen, datt sech d'Ausriichtung vun der Partei géif änneren. De Begrëff identitär huet den ADR-Deputéierte vu sech gewisen, fir hie wären awer Theme vun der Identitéit wichteg.