No engem Joer Pandemie missten d'Responsabel vun den Haiser sech de Risike bewosst sinn a sech och dogéint ekipéiert hunn, mengt de René Pizzaferri. "Dat schéngt net de Fall ze sinn, dat ass ganz bedauerlech", esou de President vun der Patientevertriedung um Bord vun enger Pressekonferenz.
"Wat mer [...] héieren hu vun deem Cluster, wou sou vill Leit gestuerwe sinn, dat ass katastrophal."
De President vun der Patientevertriedung gesäit d'DP-Ministesch Corinne Cahen an der Verantwortung. Hie seet: wann een als Minister d'Responsabilitéit iwwer bestëmmten Domainer hätt, da misst een och dofir suergen, datt an deenen Domainer alles gemaach gëtt, fir Problemer - wéi an dësem Fall déi rezent Infektiounsketten an Heemer - ze verhënneren.
Positiv gesäit ee bei der Patientevertriedung datt eng méi genee Analys vun der Virfäll gemaach gëtt.