Do wieren "eng ganz Rei protokollaresch Indelikatesse" geschitt, déi u sech net hätten dierfe virkommen. Et wier "eng Éier fir Lëtzebuerg", wann de Regierungschef vum Vereenegte Kinneksräich heihinner kéim, an Zesummenhang mat engem esou wichtegen Thema wéi dem Brexit. De Fernand Kartheiser geet dovun aus, datt d'Briten an hirem Stolz blesséiert sinn.
"Wa mir dohi kommen als dat Land, dat et grad fäerdeg bruecht huet de Premier ze humiliéieren, dann ass dat natierlech eng extrem schlecht Ausgangspositioun fir d'Vertriedung vun de Lëtzebuerger Interessen an Zukunft mat Groussbritannien ze gestalten, an doduerch erëm e Feeler, deen dëser Regierung unzerechnen ass."
Kritik un der CSV
De Fernand Kartheiser läit domat op enger Linn mam CSV-Deputéierte Claude Wiseler, dee gemengt hat, de Xavier Bettel hätt de Boris Johnson "virgeféiert". De Lëtzebuerger Premier hätt "alles richteg gemaach", hat den CSV-President Fränk Engel par conter op Facebook geschriwwen.
De Fernand Kartheiser stellt fest, datt d'CSV sech zanter de Wahlen "eigentlech net fënnt." Déi géigesäiteg Aussoe géifen dorobber hiweisen, datt et an der CSV "verschidde ganz staark Stréimunge" géif ginn: déi eng géif vum Claude Wiseler, an déi aner vum Frank Engel representéiert ginn.
"Ech ka just feststellen: wann den Här Engel d'Absicht fir sech als Spëtzekandidat opzestellen an eng Kéier Lëtzebuerger Premier ze ginn, da kann en net esou Statemente maache wéi deen, deen en elo gëschter gemaach huet. Ech mengen, do ass nach e ganz, ganz wäite Wee ze goen."
Brexit: Kee Kommentar iwwer dem Boris Johnson seng Taktik
Op d'Fro, wéi hien et dann als Demokrat an als Parlamentarier fënnt, datt de britesche Premier léiwer e Gesetz ignoréieren wéi eng Verlängerung vum Austrëttsdelai unzefroe wëll, wollt de Fernand Kartheiser net direkt äntweren. "Et steet mir net zou fir e bannepolitesche Prozess am Vereenegte Kinnekräich ze bewäerten", esou seng Analys.
Groussbritannie wier schonn eng Demokratie gewiescht, ier datt Lëtzebuerg eng Demokratie war. "Ech vertrauen an de gudde Fonctionnement vun der britescher Demokratie."