Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass schonn eng Success story"

Filmsecteur

"Dat ass schonn eng Success story"

De Paul Thiltges bedauert, datt vill iwwer de Fonctionnement vum Filmfong diskutéiert gëtt. A ganz Europa géife Filmer subventionéiert ginn. Lëtzebuerger Filmer wiere gutt a géife vill Präisser gewannen.

auto_stories

3 min

De President vum Verband vun de Lëtzebuerger Filmproduzenten Paul Thiltges

De Film ass wuel e wirtschaftleche Secteur, awer net am klassesche Sënn. En ass och eng kulturell Aktivitéit, bei där et net dat virrangegt Zil ass, Benefice ze maachen oder d'Käschte vun der Produktioun eranzespillen. Dat wier nämlech op engem klenge Marché guer net méiglech, sot de Paul Thiltges, de President vum Verband vun de Lëtzebuerger Filmproduzenten.

Sue kréien ass net d'Zil vum Filmmarché

Um Beispill vum Film "Superjhemp", deen um däitsche Marché héichgerechent Milliounen eragespillt hätt, huet hien illustréiert, datt esou eppes an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg trotz dem Rekord vu méi wéi 60.000 Kinosentréeën net méiglech wier.

Am Filmmarché wier et net einfach och am Ausland Succès ze hunn, wann een op Lëtzebuergesch wéilt schaffen. "Mir wëllen eng Mémoire collective hunn, mir wëllen Documentairë maachen." Et kéint een dann net mat der Demarche erugoen, datt ee wéilt Suen erakréien.

De Paul Thiltges ënnersträicht, datt de Film a ganz Europa subventionéiert gëtt, genee wéi den Theater och. Zu Lëtzebuerg géif ee manner mat Staren zesummeschaffen an dofir misst ee virsiichteg sinn, an et dierft een net soen, datt de Lëtzebuerger Film kee Succès hätt. Et misst een et anescht moossen: D'Lëtzebuerger Filmindustrie wier op de Festivale gutt, et géif een Oscaren a Césaren an aner Präisser gewannen. Dat wier eppes Aussergewéinleches, ënnersträicht de Paul Thiltges. "Dat ass schonn eng Success story a mir sinn e bëssen traureg, datt op eemol deen anere Volet esou staark erakënnt."

"Et gi scho Kontrollen"

An der aktueller politescher Diskussioun iwwer de Fonctionnement vum Filmfong sinn d'Produzenten ugegraff ginn, wéinst den Hëllefen, déi si kréien. D'Fro ass opgeworf ginn, ob si déi Suen ëmmer esou ausginn, wéi dat geduecht war. Dofir sollen d'Produktiounsgesellschaften elo nach méi streng kontrolléiert ginn.

De Wonsch, méi Kontrollen ze maachen, kënnt fir de Paul Thiltges aus der Suppositioun, datt de Filmsecteur Beneficer géif maachen, mee hir Hëllefen net géif zeréckbezuelen. Esou Kontrolle géifen et awer scho ginn, ënnersträicht de Paul Thiltges: "Och wann de Premier gesot huet, elo géif nach méi staark Gesellschafte kontrolléiert ginn, dat ass elo schonn e bëssen oder souguer e bësse vill de Fall".

Et misst een awer oppassen, datt déi administrativ Aarbecht net Iwwerhand hëlt. Bis elo hätt hie keng Abuse gesinn, seet de President vum Verband vun de Lëtzebuerger Filmproduzenten. De Paul Thiltges bedauert, datt an der Ëffentlechkeet wéinst Viruerteeler a Manktem u Wëssen e falschen Androck géif entstoen iwwer déi Suen, déi de Filmfong vergëtt. Hie kéint awer och verstoen, datt Froe gestallt ginn - zum Beispill doriwwer, a wéi wäit eventuell Profitter vu subventionéierte Filmer, dem Gesetz no, zeréck un de Filmfong bezuelt ginn.