Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass skandaléis"

Fall Jeff Da Costa

"Dat ass skandaléis"

Der Oppositioun an der Chamber no werfen d'Revelatioune ronderëm de Lëtzebuerger Chercheur Jeff da Costa eng Rei Froen op. Et wier lo wichteg, datt de Fall ronderëm de jonken Doktorand, deen no engem kriteschen Interview seng Aarbecht verluer huet, opzeklären, heescht et op Nofro hin. Eng Rei Fraktiounen hunn dowéinst haut konkret Ufroe gestallt.

auto_stories

2 min

Foto: Micael Borges

Lauschterenplay_arrow


D'Piratepartei wëll an enger parlamentarescher Ufro wëssen a wéi wäit d'Firma RSS-Hydro finanziell ofhängeg vum Staat ass. D'Entreprise bei där den Hydrolog a Meteorolog gekënnegt krut, ass ënner anerem op d'Ausschaffe vun Iwwerschemmungskaarte spezialiséiert. Stéchwierder wieren hei ëffentlech Opträg a Vermëttlung vu Kontakter, seet den Deputéierte Sven Clement.

"Dat ass mengen ech déi Fro wou jo och ee Punkt gewiescht wier, wou hätt kënnen Drock ausgeüübt ginn, sou du kriss keng Subsidë méi, wann deen net geet, du kriss déi Kontrakter net wann deen net geet."

An enger weiderer Ufro un de Xavier Bettel, froen d'Piraten och nach mat wéi enge Sanktiounen ee Minister oder héije Beamte misst rechnen, dee méiglecherweis direkt oder indirekt Drock op déi Firma ausgeüübt hätt.

CSV: Wien ass am Coup?

Bei der ADR, déi och eng Question parlementaire zum Theema virbereet, seet den Deputéierte Fred Keup, d'Astellung vun der Regierung vis-à-vis vun der Wëssenschaft misst generell hannerfrot ginn. Fuerscher kéint een net just abezéie wa se engem an de Krom passen. Generell zum Fall seet de Fred Keup:

"Mee wann dat awer de Modell ass, wéi mir hei am Land liewen, datt ee Patron aus vorauseilendem Gehorsam, hei zu Lëtzebuerg am Joer 2022, een erausgeheit, well ee fäert, datt en eventuell politeschen Drock vun der Regierung kéint verspieren, dat ass skandaléis."

D'CSV freet un fir datt eng vun den zoustännege Chamberkommissiounen zesummekënnt. Den Ëmweltministère wier do mat dran, vu datt d'Kriticke sech jo un d'Waasserwirtschaftsamt an un den Inneministère geriicht hunn. Wann et doriwwer eraus ëm d'Bäihëllefe géif goen, déi d'Firma fërdere soll an déi se eventuell net méi hätt solle kréien, da wier och de Wirtschaftsministère concernéiert, sou d'Martine Hansen.

Déi Lénk: Politeschen Drock op Firmen ass inakzeptabel

Och déi Lénk beroden iwwer eng Reaktioun zu de Revelatiounen, d'Myriam Chechetti seet sech och skandaliséiert doriwwer datt de Chef vun RSS Hydro, politeschen Drock wollt verhënneren an de Jeff da Costa dowéinst um Enn säin Job verluer huet.

"Dat heescht de Firmechef fäert fir seng Firma, seng Opträg, seng Leit - e fäert einfach."

D'Deputéiert vun déi Lénk werft och nach d'Fro op ob déi Entloossung net méiglecherweis och rechtlech problematesch kéint sinn.