Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat deet eis ganz wéi"

Kommunal Finanzen

"Dat deet eis ganz wéi"

Wéinst der Corona-Pandemie mussen d'Gemengen dëst an och déi nächst dräi Joer mat ronn 15 Prozent manner finanzielle Moyenen auskomme wéi virgesinn. Et géif elo wuel bei kuerzfristegen Investitioune gespuert ginn, esou den Syvicol-President Emile Eicher.

auto_stories

2 min

Den Emile Eicher ass President vum Gemengesyndikat Syvicol

Kuerzfristeg Investitioune kéinte verluecht oder an der Zäit gestreckt ginn. Bei grousse Projeten, wou d'Gemenge scho laangfristeg Engagementer geholl hunn, wier dat net méiglech, esou den Emile Eicher.

"Et muss een awer och wëssen, datt ganz vill Investitioune schonn engagéiert waren, an och net op ee Joer fäerdeg sinn. Wann Dir eng Schoul baut, da baut Dir zwee, dräi Joer ... an deemno wat fir eng Investissementer souguer nach méi laang drun. Dat sinn Engagementer, déi lafen. Do kënnen d'Gemengen och net méi zeréck, déi mussen déi elo ausféieren. An da kommt Dir eben, doduerch, datt mir bis 2023 och keng substantiell Verbesserunge kréien, op e Verloscht vun 1,3 Milliarde par Rapport zu deem, wat mer 2019 nach geplangt haten. An dat deet eis ganz wéi."

Manner gutt gestallt Gemengen, an dat wier d'Majoritéit, géife lo viru Problemer stoen.

"Déi (Gemengen) musse léine goen. Et wäert warscheinlech esou e Mix sinn. Et wäert warscheinlech e bësse méi lues gedréint ginn a gläichzäiteg méi geléint ginn. Mee dat heescht da fir zukünfteg Generatiounen och eng Belaaschtung, dat muss ee sech awer och da bewosst sinn."

De Syvicol stellt sech iwwerdeems am Debat iwwer privat Sécherheetsfirmaen hanner d'Stad Lëtzebuerg: de Gemengesyndikat fënnt et net verkéiert, op Privatfirmaen zeréckzegräifen, fir speziell an de méi kriddelege Quartiere Presenz ze markéieren. Dat dierft awer just eng Iwwergangsléisung sinn, esou den Emile Eicher. Un de Staat ass et den Appell, zäitno däitlech méi Polizisten anzestellen.