Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat geet alles vill ze vill lues"

Quadripartite

"Dat geet alles vill ze vill lues"

D'Hierschtquadripartite huet keng nei Mesuren decidéiert. Et sollt een als éischt dat ëmsetzen, wat schonn 2016 an 2017 ugekënnegt gouf, esou d'Gewerkschaften OGBL an LCGB no der Reunioun vu Regierung, Sozialpartner a Prestatairen.

auto_stories

4 min

A verschiddene Beräicher wieren déi Prestatiounen, déi um Niveau vun der Nomenclature ugekënnegt goufen, nach ëmmer net ëmgesat ginn, esou d'Gewerkschaften LCGB an OGBL no der Quadripartite. Vun den definéierte 25 Milliounen Euro u Leeschtunge wiere bis elo nëmmen 13 Millioune Euro bei den Assuréen ukomm. De Carlos Pereira vun der OGBL nennt als Beispill d'Psychotherapie, wou nach ëmmer Prestatioune feelen.

Besonnesch Kappzerbrieches bereeden dem OGBL d'Zänn. "Mir soe schonn zanter Joren, datt et net méi responsabel ass, wann een eeler Leit gesäit, déi sech den Zänndokter net méi leeschte kënnen", esou de Carlos Pereira.

Zäitplang net zefriddestellend

Villes hätt ee scho virun zwee Joer decidéiert, seet dozou de Christophe Knebeler vum LCGB. Hien nennt och d'Moderniséierung vun der Nomenclature bei Brëller. "Do hu mir haut mol nach keng konkret Pisten um Dësch leien", beklot hie sech.

De Romain Schneider, Minister fir d'Securité sociale, berouegt awer, datt déi Saachen net vergiess wieren. Se wieren decidéiert a géifen deemno och ëmgesat ginn. Eng Rei vun deene Mesurë wiere jo schonn applicabel a vun 2019 un géifen do "eng Rei dobäi kommen". Hien nennt do ënner anerem de Volet vun den Zänn, wou de Ministère scho vill ëmgesat hätt. "Mee et sinn eng ganz Rei Mesuren, déi Sue kaschten, déi sinn nach net gemaach an do musse mir d'Nomenclature änneren", esou de Minister fir d'Sécurité sociale.

De Christophe Knebeler vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond ass mat dem Zäitplang awer net averstanen. Et hätt ee villes schonn 2017 decidéiert, an et hätt ee momentan nach ëmmer keng konkret Pisten. "Dat geet alles vill ze vill lues", mengt hien.

Kommissioun fir Nomenclature ouni AMMD

Ee Problem wier, datt do nach net déi néideg Nomenclaturen ëmgesat wieren, esou den zoustännege Minister no der Quadripartite. Dofir wier et elo wichteg, datt sech d'Nomenclatureskommissioun zesummesetzt fir sech der Problematik unzehuelen, mat der d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, déi sech am Mee vun dëse Gespréicher zeréckgezunn haten.

De President vun der AMMD Alain Schmit huet gëschter gesot, datt een ënner gewësse Konditioune bereet wier, nees matzeschwätzen. Momentan géif sech d'Kommissioun fir d'Nomenclaturen ouni d'Doktere gesinn, an dat géif een als "dysfunktional" gesinn. D'AMMD wier der Meenung, datt si do e ganz wichtege Part ze spillen hätt. "D'Zesummesetzung an d'Funktioun vun dëser Kommissioun misst iwwerduecht ginn, an dat ass eis Erwaardung un eng nei Regierung", esou den Alain Schmit.

Zéng Milliounen Defizit am Budget vun CNS

Nieft de Prestatiounen, déi nach net ëmgesat goufen, war dat anert grouss Thema bei der Quadripartite de Budget vun der CNS. De President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé hat ugekënnegt, datt ee fir d'nächst Joer en Defizit vun zéng Millioune virgesäit. Dat wier awer net beonrouegend, esou de Minister vun der Securité sociale, Romain Schneider. Eng Decisioun fir déi nei Regierung wier déi, 20 Milliounen Euro fir d'Fraise vun de Congé de maternité ze ginn. "A wann déi nei Regierung dat decidéiert, dann ass et e Plus vun zéng Milliounen Euro."

Fir de Carlos Pereira vum OGBL ass deen Defizit och net dramatesch. Et hätt ee jo de Moment eng Reserve vun 860 Milliounen Euro. Et wieren awer nach e puer Inconnuen derbäi, wéi zum Beispill de Käschtepunkt vun enger Psychotherapie, oder dee vun de Krankeschäiner.

Fir de Jean-Paul Olinger, Direkter vum Daachverband vun de Patronatsorganisatiounen UEL kéint en Defizit am Budget vun der CNS keen zefriddestellen, och wann dee verhältnisméisseg kleng wier. Problematesch wieren éischter déi strukturell Augmentatioune vun den Depensen, déi iwwer déi lescht dräi Joer zirka 24 Prozent ausmaachen. Dat wier momentan méiglech, well et der Wirtschaft de Moment gutt geet, "mee den Dag, wou et där net méi esou gutt geet, ass dat sécherlech schwiereg". An da wier et an der Situatioun net einfach, den Assuréen ze soen, datt d'Prestatiounen erofginn, esou de Jean-Paul Olinger.