Radioen

On air

Notturno  |  Homegrown Syndrome - Got The Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat geet nëmmen iwwer d'Besteiere vun der Spekulatioun"

Etat de la Nation

"Dat geet nëmmen iwwer d'Besteiere vun der Spekulatioun"

Kuerz virum Premier Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun, bezeechent den LSAP-Vize-Premier d'Logementsproblematik als "déi primordialst Fro vun der Lëtzebuerger Politik". Am Gespréich mam Dan Kersch goung et och ëm d'Klimapolitik, d'Coronasteier a seng Ofso un eng LSAP-Spëtzekandidatur. De verstäerkten Asaz vum CovidCheck-System hält den Aarbechtsminister fir déi richteg Approche.

auto_stories

5 min

"Eng katastrophal Entwécklung", sou kommentéiert den LSAP-Vize-Premier Dan Kersch d'Hausse vun de Logementspräisser. Fir Leit mat klengem Akommes bleift wéinst de Logementskäschten mëttlerweil just nach d'Halschent vum Revenu iwwereg fir aner Depensen, hat d'Fuerschungsinstitut LISER des Woch matgedeelt.

D'Logementskris wier elo déi "primordialst Fro vun der Lëtzebuerger Politik". Och d'Akommespolitik wier vun dëser Fro betraff:

"Wa mir net wëllen nei Diskussiounen iwwer de Mindestloun provozéieren, an et sinn der jo eng Rei déi soen, dat kënne mir eis guer erlabe wéinst der Konkurrenzfähegkeet vun de Betriber, da musse mir déi Explosioun vun de Logementspräisser an de Grëff kréien.

Logement: "Lat net ze héich hänken"

Am selwechten Otemzuch seet den Dan Kersch, "mir sollen d'Lat do och net ze vill héich hänken". Dat well d'Wunnengspräisser net nëmmen zu Lëtzebuerg explodéieren, mee och an aneren economeschen Zentren. Op Nofro hin, erkläert den LSAP-Vize-Premier dann, datt dat natierlech näischt um Problem géif änneren. Fir dann ze declaréieren:

"Wa mir net wëllen, datt mir eng sozial Diskussioun kréien, da musse mir déi Problematik an de Grëff kréien. An dat geet nëmmen iwwer d'Besteiere vun der Spekulatioun."

Méi wollt den LSAP-Minister dozou net verroden. Hie wéilt der Ried zur Lag vun der Natioun, déi de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg hält, net virgräifen.

Sozial gerechte Klimaschutz

Den Dan Kersch huet och ugedeit, datt an der Ried zur Lag vun der Natioun Mesürë kéinten annoncéiert ginn, fir déi aktuell Hausse vun den Energiepräisser ofzefierderen. Dëst géif Leit mat geréngem Akommes ze gutt kommen.

Wéi d'Zesummespill tëscht CO2-Steier an dem Steierkredit fir Geréngverdénger no 2023 soll weider funktionéieren, wollt den Dan Kersch net soen. Dat wier d'Aufgab vun enger nächster Regierung.

Den LSAP-Vize-Premier huet sech dann dofir ausgeschwat, dat Eco-Primmen zum Beispill fir d'energetesch Sanéierung vun Haiser oder fir de Kaf vun engem Elektroauto, no soziale Critèrë missten ausgeriicht ginn. Ob a wéini d'Regierung esou eppes kéint ëmsetzen, verréit den Dan Kersch net.

Verzicht op Spëtzekandidatur: Keng Trotz-Reaktioun

Rezent hat den Dan Kersch annoncéiert, datt hie fir d'Chamberwahlen 2023 net als LSAP-Spëtzekandidat zur Verfügung stéing. Dat hätt perséinlech Uersaachen, betount den LSAP-Minister op en Neits. Déi Decisioun hätt op alle Fall "iwwerhaapt näischt" mat der Diskussioun iwwer d'Corona-Steier ze dinn. Déi Propose vum Dan Kersch war weder bei de Koalitiounspartner nach bei der LSAP op grouss Begeeschterung gestouss.

Ob hien nach bis zum Enn vun der Legislatur Minister bleift, hätt hien nach net decidéiert. Dat géif och vu sengem gesondheetlechem Zoustand ofhänken, esou den Dan Kersch.

Covid-Impfung: "Eng Fro vu gesellschaftlecher Solidaritéit"

D'Betriber sollen de Choix hu fir mam CovidCheck-Sytsem ze schaffen, oder déi üblech sanitär Restrictiounen ze respektéieren. Wéi ee Modell gewielt gëtt, decidéiert de Patron, esou den Dan Kersch. Dat sollt awer an Ofsprooch mam Personal geschéien. Den Aarbechtsminister ass iwwerzeegt, datt dat a 95 Prozent vun de Fäll kee Problem dierft sinn.

Just fir den Horeca-Secteur ass d'Mesure net fräiwëlleg: Fir d'Personal, dat an den Hoteler, Restauranten a Caféen am Zerviss schafft, soll de CovidCheck-System vun November un obligatoresch sinn - well dee Critère dann och fir d'Gäscht soll gëllen. Wann ee Salarié verweigert, nozeweisen, ob hie geimpft, geheelt oder getest ass, misst dat vu Fall zu Fall gekuckt ginn, esou den Aarbechtsminister:

"Ass et méiglech, him eng aner Aarbecht ze ginn, wou en net aner Kollege mat a Gefor bréngt. Wann dat net méiglech ass, dat gëtt en ënner Ëmstänn Heem geschéckt. Da kann de Patron decidéieren, ob hie kann Télétravail maachen oder ob en hien net méi bezillt. An dann huet de Salarié d'Recht dogéint ze kloen. Et geschitt hei dat nämmlecht, wéi bei all aner Sécherheetsmesure, déi ee refuséiert anzehalen."

"Déi hu mech och scho vernannt"

De Patronatsdaachverband UEL huet d'Annonce vun der Regierung iwwer dat neit Covid-Gesetz leschte Freideg begréisst. D'Gewerkschafte si méi skeptesch, wat den Dan Kersch sech esou erkläert:

"D'Gewerkschafte hunn natierlech ee Problem, datt eenzel Leit hir Kaart ofginn, wa si hei géifen an d'Hänn klappen. Och a menger Partei si Leit iwwerhaapt net frou driwwer, wat mir hei maachen. Déi hu mech och scho vernannt. Mee heiansdo muss een am Interêt vun der Saach, déi net ganz populär sinn."

Iwwerdeems wier a sengen Aen eng grouss Majoritéit vun de Leit mat dëser Demarche averstanen, esou den Dan Kersch. Den Aarbechtsminister verweist och drop, datt d'Mesurë manner contraignant wieren ewéi an anere Länner, zum Beispill Italien:

"Do gees du net schaffen, wann s du kee CovidCheck hues. Mat alle Repercussiounen, déi dat hues a kriss natierlech och keng Pai. An Däitschland kréie Leit, déi net geimpft sinn, wa se a Quarantaine musse keng Pai. All déi Saachen hu mir hei ganz bewosst net gemaach, well mir nieft deem bëssi Erhéije vum Drock awer nach ëmmer wëllen op d'Iwwerzeege setzen."

Dänemark: Virbild mat Virbehalt

D'Hoffnung vun der Regierung ass et, datt den Impftaux klëmmt. Well et wieren och Leit, déi sech aus Bequemlechkeet nach net impfe gelooss hätten. Bei engem Impftaux vun 80 bis 85 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer kéint een envisagéieren, fir déi sanitär Restrictioune gréisstensdeels falen ze loossen, ähnlech wéi an Dänemark, hofft den Dan Kersch: "Wa mir natierlech mierken, datt trotz engem héijen Impftaux, d'Mesure fir alles opzehiewen herno an d'Katastroph gefouert huet, dat mécht een et natierlech net."

Fir d'Leit, déi sech aus Iwwerzeegung net wéilten impfe loossen, bréngt de CovidCheck-System eng regelméisseg Testflicht an deemno och ee Käschtepunkt mat sech. Dat hält den LSAP-Vize-Premier fir richteg esou:

"Een deen d'Offer net wëll unhuele vum Impfen, dee muss domat rechnen, datt dat eppes kascht. Et kann net sinn, datt d'Allgemengheet 'à l'infini' déi dote Käschte mat dréit."