Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat kann net jidderee behaapten"

Ben Gastauer

"Dat kann net jidderee behaapten"

Als 37. ass de Ben Gastauer beim Tour de France dëse Summer zu Paräis ukomm. Säi franséische Kapitän Romain Bardet stoung als Drëtten um Podium. "Ech sinn ee vun de beschten Equipieren, dee se hunn", seet de Schëfflenger vu sech selwer. A senger Roll als "Domestique" fillt hie sech wuel.

auto_stories

3 min

Zënter 2010 ass de Ben Gastauer professionelle Coureur. Während anerer sech op de Sprint oder d'Biergetappe konzentréieren, ass de Lëtzebuerger e Spezialist am Ënnerstëtzen. "Bei all Tour, deen ech matgefuer sinn, hate mir duerno een um Podium", stellt hie fest, "dat kann net jidderee vu sech behaapten."

Datt, trotz gudder perséinlecher Leeschtung, fënnef Teamkollege virum Schëfflenger stoungen am Generalklassement, stéiert hien net. "Mir sinn eng Equipe. Ech gesinn déi aner net als Konkurrenz." Mëttlerweil géif hien an der Equipe och d'Roll vum erfuerene Coureur anhuelen.

Kloer Zeechen

Déi Erfahrung kéint dem Ben Gastauer an de nächste Joren entgéint kommen. Net just mat him huet seng Equipe AG2R de Kontrakt verlängert, mä och mat den Teamkapitäne Romain Bardet a Pierre Latour. Déi zwee Fransousen, Spezialiste fir d'Generalklassement, bleiwe wéi de Lëtzebuerger bis 2020. "Mä nächst Saison huet all Equipe am Tour de France just nach aacht Plazen." Eng manner wéi bis elo - an domat klëmmt d'Konkurrenz.

De Ben Gastauer ass awer zouversiichtlech, datt hie weiderhi seng Plaz an der Tour-Equipe kann hunn. "Ech hunn Erfahrung an ech maache meng Aarbecht gutt." An engem Sport, wou Kontrakter dacks just iwwer een oder zwee Joer lafen, wier eng virzäiteg Verlängerung vun dräi Joer e kloert Zeeche vun der Equipe.

185 Deeg am Joer

De lëtzebuergesche Coureur gëtt awer selwer zou, datt déi vill Course-Deeg him an der Lescht méi zousetzen. "Mir si bal d'Halschent vum Joer ënnerwee", erkläert hien, "an zënter datt ech Papp gi sinn, ass et all Kéier nach méi schwéier fortzegoen." Dëst Joer ass de Ben Gastauer nieft dem Tour de France och de Giro d'Italia gefuer, zwou Etappecourse vun dräi Wochen. "A virdru si mer nach op d'mannst eng Woch an der Preparatioun."

Mä de Cyclist huet nach eng Rei Ziler, déi hien a senger Carrière wëll erreechen. Och hei spillt den Tour duerch Frankräich eng wichteg Roll. "Ech hu jo net sou dacks d'Geleeënheet, fir meng eege Course ze maachen. Mä wann et sech eng Kéier ergëtt, géif ech natierlech gär probéieren, eng Etapp ze gewannen."

Schëfflenger Waasser?

Och um lëtzebuergesche Championnat hat hie bis elo nach keng Chance. "Dat wier och flott: Eng ganz Saison am lëtzebuergeschen Trikot ze fueren." D'Konkurrenz wier awer staark, an och "déi lescht Jore waren nawell keng schlecht Coureuren um Depart."

Datt nieft him och en anere Schëfflenger op der internationaler Sportbühn grousse Succès féiert, freet de Ben Gastauer. "An de Buergermeeschter schwätzt och ëmmer gär vu sengen dräi internationale Sportler. Et ass natierlech super, datt de Gilles Muller, mä och de Miralem Pjanic, dee jo och vu Schëffleng ass, Erfolleg hunn." Op dat um Waasser géif leien? Doropshi muss de Ben Gastauer laachen. "Et ass scho sou, datt d'Gemeng vill fir hir Sportler mécht."