Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Waxahatchee - Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat mautscht nach"

LSAP-Spëtzekandidatur

"Dat mautscht nach"

D'Paulette Lenert wéilt sech net ënner Drock setzen, ob si der LSAP 2023 als Spëtzekandidatin zur Verfügung steet. Si wéilt sech dat mat Recul gutt iwwerleeën - wann d'Pandemie bis eriwwer ass.

auto_stories

2 min

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert war eis Invitée vum Dag

De Resumé lauschterenplay_arrow


D'Paulette Lenert ënnersträicht, datt ee sech dat misst gutt iwwerleeën, ob ee sech fir de Posten als Spëtzekandidat disponibel erkläert. "Do steet een extrem am Fokus, et ass nach vill méi Drock, an ech hu geléiert, wat Drock ass an deene leschte Méint".

Impakt vun de Schoulmesuren ass nach net kloer

D'Paulette Lenert hätt den Androck, datt sech nach ëmmer vill Leit mat der Pandemie beschäftegen, ebe grad well den Hierscht grad kënnt. "Et ass ganz vill Onsécherheet am Raum", esou d'Gesondheetsministerin.

Aktuell ass nach net gewosst, wéi d'Schoulrentrée sech an den Infektiounszuele wäert bemierkbar maachen. Fir d'Paulette Lenert ass et deemno och schwéier fir eng definitiv Erkenntnis ze hunn aus deene "relativ gewote Schrëtt, déi geholl gi sinn".

D'Impfung bei d'Leit bréngen

Wat d'Impfquot ubelaangt, gëtt et déi fest Erkenntnis: si ass nach ze niddereg, se kënnt och net méi richteg vum Fleck. Dofir si weider Efforte geplangt, fir mat der Impfung bei d'Leit ze goen - an net méi drop ze waarden, dass si kommen.

Dofir géif d'Regierung denke fir d'Impfung iwwer de Wee vun der Aarbechtsmedezin an déi grouss Betriber ze kréien, mee och an d'Schoulen, an d'Centres commerciaux. "Do, wou d'Leit sinn".

Nëmmen eng besser Impfquot erlaabt e Retour an d'Normalitéit, et wier awer kee Prozentsaz definéiert, dee - wann en erreecht ass - zu engem Ophiewe vun alle Restriktioune féiert: "Nee, et gëtt kee festen Taux", esou d'Paulette Lenert.

D'Lëtzebuerger Regierung géif sech ganz staark un deene Länner orientéieren, bei deenen d'Impfquot ëm zéng Prozentpunkte méi héich géif leien, an déi Ouverturë gemaach hunn. D'Paulette Lenert nennt hei als konkret Beispill Dänemark, wou d'Quot vu komplett geimpfte Leit bei 75 Prozent läit. "Doraus kann een da réckschléissen, datt dat duergaangen ass."

Bis et souwäit ass, soll de CovidCheck hëllefen, dee Geimpften nees esouvill Normalitéit wéi méiglech zeréck ka ginn. Dat wier d'Zil vun deem Instrument: et géif mam CovidCheck net drëm goen, den Net-Geimpften d'Liewen ëmmer méi schwéier ze maachen.