Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat wäert meng Aufgab ginn"

Chamberwahlen 2018

"Dat wäert meng Aufgab ginn"

De Claude Wiseler trëtt net méi als CSV-Fraktiounschef un. Hie wëll déi nächst fënnef Joer als Deputéierten op Dossiere schaffen, déi hien interesséieren. Fir den net-polemesche Stil vun der CSV-Wahlcampagne iwwerhëlt hien d'Responsabilitéit. Verschidde Mesurë vum neie Koalitiounsvertrag, déi bis ewell bekannt sinn, stellt hien a Fro.

auto_stories

3 min

De Claude Wiseler war Fraktiounschef vun der CSV, wëll dëse Posten awer ofginn.

"Et feelt un enger politescher Visioun an d'Mesuren, déi bis elo bekannt sinn, si just en Zesummeleeë vu Wahlverspriechen", esou den nach-CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler zu de bekannten Eckdate vum neie Koalitiounsvertrag.

De Claude Wiseler wëll wëssen, wat déi Mesure kaschten. "Wann ech zum Beispill eng grouss Steierreform annoncéieren, wou ech d'Steierklassen ofschafen, da wëll ech natierlech wësse wéi maache mir dat dann, a wéi gëtt dat finanzéiert, wann ech och nach hannendru soen, datt keen eppes ewech geholl kritt." D'Fro géif sech stellen, wéi dat goe soll, a wéi een op der anerer Säit de Staatsbudget kéint equilibréieren. Dat wieren essentiell Froen, fënnt de Claude Wiseler.

Betribsbesteierung: Accord just fir en Accord ze hunn?

Déi viraussiichtlech Koalitiounspartner hunn annoncéiert fir d'Betribsbesteierung ëm just 1 Prozentpunkt wëllen erof ze setzen. An hire respektive Walprogrammer wollt d'DP erof goen op d'OECD Moyenne, déi bei 21 Prozent läit. LSAP an déi gréng wollte keng Baisse vun der Besteierung vun der Betriber. Fir sech eens ze ginn, hätt ee sech dann op e Minus vun engem Prozentpunkt gëeenegt.

De Claude Wiseler freet sech, wat de politesche Sënn vun dësem Accord ass, ausser datt ee sech eens gi wier. "Wat ass d'Politik, déi een domadder wëll maachen? Wat ass d'Wirtschaftspolitik, déi domadder bezweckt ass?" Fir de Claude Wiseler ass dat just eng Kompromëssformel fir sech iwwer e Koalitiounsprogramm eens ze ginn "ouni wirtschaftlechen, ouni politesche Sënn."

Voll Ënnerstëtzung fir d'Martine Hansen

De Claude Wiseler kandidéiert net méi fir Fraktiounschef vun der CSV ze ginn. Déi Meldung vum Lëtzebuerger Wort huet hie confirméiert. Wat seng Successioun ugeet, sot de Claude Wiseler, hie géif d'Martine Hansen voll ënnerstëtzen. D'CSV-Norddeputéiert huet géigeniwwer dem Wort hir Kandidatur offiziell gemaach. Eng aner Kandidatur ass net bekannt. E Mëttwoch wielt d'CSV-Fraktioun hir nei Spëtzt.

An dëser Legislaturperiod wäert de Claude Wiseler dechargéiert gi vun all den Organisatiounsaufgaben, déi een als Fraktiounspresident huet. Dofir wäert hie sech kënnen op eng Rei Dossiere kënne konzentréieren, déi hien nach ëmmer interesséiert hunn. Hien nennt d'Beispiller vun der Aussepolitik, der Kulturpolitik an der Educatiounspolitik. "Dat wäert meng Aufgab an den nächste Jore ginn."

Den aktuelle CSV-Parteipresident Marc Spautz wäert e Mëttwoch annoncéieren, ob hien nach fir seng eege Successioun zur Verfügung steet, esou nach de Claude Wiseler.


  • De Claude Wiseler wëll net méi CSV-Fraktiounspresident bleiwen.
  • Eckdate vum Koalitiounsaccord hannerfreet hien, dorënner d'Pläng, fir d'Steierklassen ofzeschafen.
  • Hien erkennt keng Wirtschaftspolitik hanner der Mesure, d'Betribssteier ëm 1 Prozentpunkt erofzesetzen.