Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dizzy - Open Up Wide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Wiseler: "Dat war net acceptabel"

Visitt vum Boris Johnson

Claude Wiseler: "Dat war net acceptabel"

Dem Premier Xavier Bettel säin Optrëtt gëschter virun der Weltpress war net acceptabel, esou haut de Claude Wiseler. Et dierft een e Verhandlungspartner net virféieren: dat wier awer geschitt, esou d'Impressioun vum CSV-Deputéierten.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Well de Premier Xavier Bettel eleng virun d'Press getrueden ass, an dem britesche Regierungschef Boris Johnson säi Riednerpult virum Staatsministère eidel bliwwen ass, schwätzt déi auslännesch Presse vun engem "Eclat".

Och wann de Premier Xavier Bettel genervt wier, well nach ëmmer näischt Konkretes a Saache Brexit um Dësch léich, misste Verhandlungspartner mat Respekt mateneen ëmgoen, fënnt den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

Der BBC no hätt de britesche Premier de Lëtzebuerger Premier gëschter gefrot, fir d'Pressekonferenz no bannen ze verleeën, dat wier him awer ofgeschloe ginn.


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Update 13:56

Den CSV-President Frank Engel huet dem Premier Xavier Bettel iwwerdeems op Facebook de Réck gestäipt. Et wier wichteg ze weisen, datt een net zu Geisele vu britescher Parteipolitik gemaach soll ginn.