Paralympesch Spiller "Dat wier schéin"

Haut ass den Optakt vun de Paralympesche Spiller zu Tokio. Lëtzebuerg ass do just mat engem Athleet vertrueden, dem Tom Habscheid. Hie verstoppt net, datt hie mat groussen Ambitioun a senger Disziplin, dem Kugelstoussen, un den Depart geet: hie wëll um Podium stoen.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Tom Habscheid
Den Tom Habscheid hofft op eng Plaz um Podium bei de Paralympesche Spiller zu Tokyo

Hie géif sech domat e bëssen ënner Drock setzen, mee hien hätt dat Zil a sengem Kapp, dat hien och erreeche wëllt, seet den Tom Habscheid. "Ouni Zil hätt ech och net deen Éiergäiz", mee "kee Mënsch brauch Drock", esou den Héichleeschtungssportler.

Fir den Tom Habscheid sinn et no Rio 2016 schonn déi zweet Paralympesch Spiller. Hie betruecht dat als Virdeel: "Jo, dat hëlleft schonn", och wann et komplett aner Spiller wieren, grad wéinst der Corona-Pandemie.

"Et ass extrem vill mat Pabeierkrom verbonnen a mat Tonnen Tester, déi ee muss maachen."

Hie wéisst och nach net, wéi de Kontakt mat anere Sportler zu Tokyo wäert sinn, well et strikt Reegele ginn. "Dat wäert schonn e bëssen anescht sinn."

Kee Public zougelooss

Genee wéi bei den Olympesche Spiller ass och bei de Paralympesche Spiller kee Public zougelooss. Dat wier ee leider als Lëtzebuerger Liichtathleet gewinnt, do wier ee bei Kompetitioune souwisou net mat ville Leit verwinnt, bedauert den Tom Habscheid. "Et ass awer schonn traureg", esou de Kugelstousser.

"Ech hu mech awer elo esou laang op déi Zäit preparéiert, datt ech weess, datt keng Leit do sinn, an datt dat mer näischt ausmaachen dierf. Well ech stinn eleng am Krees an ech muss och eleng doduerch. An dann ass dat esou. Et ass natierlech vill méi flott, wann de Stadion voll mat Leit ass, well d'Leit droen dech och e bëssen, sou spieren ech dat. Dat pusht e bëssen den Adrenalin, dat ass jo natierlech cool. Mee leider ass dat elo net Fall, do musse mer elo derduerch."

Déi Paralympesch Summerspiller zu Tokyo si vum 24. August bis de 5. September. D'Kompetitioun vum Kugelstoussen ass de 4. September.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Tom Habscheid
Presentatioun Team Lëtzebuerg

No den olympesche Spiller kommen elo déi paralympesch Summer-Spiller. Als eenzege Lëtzebuerger mat dobäi ass den Tom Habscheid am Kugelstoussen. Seng Kompetitioun zu Tokyo ass de 4. September.

Tom Habscheid
Paralympics 2020

De Liichtathlet Tom Habscheid weist sech "extrem erliichtert", datt hien d'Qualifikatioun fir d'Paralympic Games 2020 zu Tokio an der Täsch huet. Elo kéint hie sech un den Opbau fir d'Spiller maachen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen