Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Datazenter: CSV fuerdert den MoU bis spéitstens de Freideg

Google

Datazenter: CSV fuerdert den MoU bis spéitstens de Freideg

An der Chamber huet d'CSV de Moien Drock gemaach fir de prinzipiellen Accord tëschent Regierung a Google fir de Bau vun engem Datazenter zu Biissen ze kréien. D'Oppositiounspartei hätt de Memorandum of Understanding gär bis e Freideg, esou d'Fuerderung no enger Kommissiounssitzung. Och an der Majoritéit ginn et Stëmmen, déi sech dofir ausschwätzen.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Jean-Claude Franck lauschterenplay_arrow


Och de grénge Majoritéitsdeputéierte François Benoy ass der Meenung, datt d'Chamber de Memorandum of Understanding muss kréien. De sozialistesche Wirtschaftsminister Franz Fayot hätt de Moien awer net gesot, datt d'Chamber en net kritt. Et misst een nach kucken, ob een dat am huis clos misst maachen "mee op alle Fall mussen d'Deputéiert d'Dokument ze gesi kréien".

Et ass net akzeptabel wann d'Chamber deen MoU net kritt, esou den Oppositiounsdeputéierte Claude Wiseler. "D'Chamber ass kee Kasperltheater. D'Chamber soll behandelt ginn, wéi et sech gehéiert. Mir sinn e Kontrollorgan vun der Regierung. Mir hunn e Recht drop déi Dokumenter ze kréien", esou den CSV-Deputéierten.

CSV mécht Drock

De Freideg nom Regierungsrot hätt d'CSV dee MoU gär, esou de Claude Wiseler. D'Oppositiounspartei huet beim neie sozialistesche Wirtschaftsminister Franz Fayot awer deelweis eng aner Approche festgestallt, wéi bei sengem Virgänger Etienne Schneider. Beim Projet vun der Jughurtsfabrick vu Fage zu Beetebuerg hat den Etienne Schneider staatlech Industrieterrainen un de griichesche Konzern verkaaft. De Claude Wiseler war de Moie frou, "datt ech den neie Minister héieren hu soen, datt et senger Meenung no kloer wier, datt keen Terrain vum Staat sollt verkaaft ginn, well Industrieterrain e preziööst Gutt hei zu Lëtzebuerg ass."

Aktuelle Wirtschaftsminister schéngt eng aner Approche ze hunn

Och de François Benoy als President vun der Ëmweltkommissioun huet den Androck, datt de Franz Fayot sech am Dossier Fage anescht positionéiert wéi den Etienne Schneider. Et géif ee mierken, datt de Wirtschaftsminister d'Prozedure wëllt lafe loossen an net "mordicus" géif soen, datt de Projet "à tout prix" misst ëmgesat ginn.

A den zwee Dossiere Google a Fage lafen d'Prozeduren nach. Wéinst dem héije Ressourcëverbrauch vun de Projete ginn et kritesch Stëmmen am Parlament.