Radioen

On air

De Moien  |  EU-Migrationspakt: Gewënner sinn d'Populisten an d'Passeuren!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Belval-Boom zitt Esch net mat

Sozialrapport

De Belval-Boom zitt Esch net mat

Wien Esch seet, dee seet och Belval mat der Uni a mat Fuerschungsunitéiten, Stolindustrie, Aarbechterstad... Déi dräi Etikette passen, dat soen och d'Fuerscher vum LISER. An hirem rezente Rapport iwwer d'Sozialstruktur vun der Escher Populatioun gouf méi speziell op de Chômage an den Emploi an der zweetgréisster Lëtzebuerger Stad gekuckt.

auto_stories

3 min

Esch ass en Trampolin, eng éischt Destinatioun fir vill Leit déi vun iwwerall hier kommen: Immigranten déi eng Aarbecht sichen, Doktoranden déi e puer Deeg d'Woch op der Uni e Cours halen, Studenten aus aller Welt déi awer Problemer hunn, eng bezuelbar Wunneng ze fannen.

Vill Leit, déi zu Esch ufänken, bleiwen net laang, erkläert den Escher Sozialschäffe Christian Weis:

"Mir hunn eng Populatioun wou zum Beispill ganz vill Migratioun dran ass, dat heescht net nëmme Leit déi aus dem Ausland op Esch kommen, mee mir hu ganz vill Leit déi vun iwwerall op Esch wunne kommen, eng Zäit bleiwen, duerno nees weiderzéien."

Entweder plënneren d'Leit vum Zentrum an déi besser geleeë Peripherie, oder si verschwanne ganz aus der Regioun.

Chômage ëmmer iwwer dem nationalen Taux

Bleift Esch also den ale Stempel erhale vun enger Stad mat niddereger Qualifikatioun an héijem Chômage? Fir de Christian Weis huet sech un deem Bild nach ëmmer net vill geännert. Dem leschte Calcul no wier de Chômagetaux bei 9.1 Prozent:

"[...] ëmmer leie mir fënnef Prozent op d'mannst iwwer dem nationalen Taux. Dat passt sech dann ëmmer un, wann also den nationalen Taux erof geet, geet och den Escher Taux erof. Dat ass eigentlech eng Konstant déi een erkenne kann. Ech mengen, dat ass mir wichteg ze soen, Esch ass nach ëmmer eng Aarbechter- an eng Arbeitnehmerstad."

Dräi ekonomesch Pilieren huet de LISER identifizéiert: Staatlech Administratiounen, dat, wat vun der Stolindustrie iwwreg bliwwen ass, an d'Universitéit op Belval - mëttlerweil dee gréissten Employeur an der Gemeng. Et gouf an de leschte Joren e reegelrechte Boom bei den Aarbechtsplazen:

"Mir hunn zu Esch iwwer 34.000 Aarbechtsplaze gehat am Januar 2021. Dat ass e Ratio vun 0,95 Aarbechtsplaze par Rapport zu den Awunner wat super ass, an et war e Boom do an deene leschte fënnef Joer."

Employeur Uni.lu "leeft laanscht déi Escher Leit"

An der Stolindustrie schaffe Leit, déi zu 95 Prozent net zu Esch wunnen. Just 13 Prozent vun den Escher schaffen an der Educatioun an an den Administratiounen. Fir d'Plazen, déi op der Universitéit entstinn, feelt zu Esch d'Clientèle:

"Et leeft awer e bësse laanscht Esch, oder besser laanscht déi Escher Leit well et oft a Secteuren ass, déi déi Escher net betreffen. Dat heescht mir hu virun allem emol um Belval mat der Uni e ganz groussen Employeur bäikritt. Dat ass awer elo keen Employeur, deen dann déi Leit sicht, déi mir zu Esch prett hätte fir eng Aarbecht kënnen ze iwwerhuelen."

Fir de Christian Weis leien d'Erausfuerderungen dann och op zwee Niveauen: eemol déi ekonomesch, sozial an intellektuell Vernetzung mam Quartier Belval verbesseren. Op der anerer Säit awer och d'Chance notzen, déi déi zukünfteg Quartiere Rout Lëns a Metzeschmelz bidden: Commercen, kleng lokal Handwierksbetriber an eng Logementsoffer, déi Mixitéit garantéiert.