Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Betriber ënner d'Äerm gräifen

Corona-Pandemie

De Betriber ënner d'Äerm gräifen

Télétravail, Deelzäitaarbecht a Fermeturen. D'Lëtzebuerger Betriber leiden ënner der Corona-Pandemie a musse sech upassen. An de leschten Deeg huet d'Regierung en Partie Mesuren annoncéiert fir de Betriber an der Corona-Kris ze hëllefen. Wéi eng sinn dat a mat wéi enge Konsequenze mussen d'Betriber rechnen?

auto_stories

3 min

Bis gëschter Mëtteg hate méi wéi 200 Entreprisë Kuerzzäitaarbechter ugefrot, esou den Tom Theves. Dat wieren der vill méi, wéi wärend der Finanzkris 2008/2009 an et wier awer eréischt d'Spëtzt vum Äisbierg.

De Beamten aus dem Wirtschaftsministère geet vun enger nach méi staarker Hausse an deenen nächsten Deeg aus. Et géif awer en Ënnerscheed zu der Finanzkris ginn: deemools wieren et vill grouss Industribetriber gewiescht, déi betraff waren, "also eng héich Zuel u Salariéen, déi betraff waren".

Haut wier een an enger ëmgedréiter Situatioun: et wier eng "extrem héich Zuel" vu klenge Betriber, déi staatlech Hëllefe wäerten ufroen, mengt den Tom Theves. "Mir musse kucken, fir dat an der Verwaltung an de Grëff ze kréie fir et kënnen ëmzesetzen", esou de Beamten aus dem Wirtschaftsministère.

Net all Betrib kann d'Corona-Kris iwwerliewen

De Wirtschaftsministère ass sech awer och bewosst, datt net all Betrib dës Kris wäert iwwerliewen, an d'Regierung wier och net an der Lag fir d'Ausfäll vun de Betriber ze kompenséieren, erkläert den Tom Theves. Et géif ee probéiere fir d'Hëllefen, déi d'Regierung amgaang wier op de Instanzewee ze bréngen, fir méi Betriber kënnen opzemaachen.

"Mir wäerte sécher net an der Lag si fir de Betribsausfall kënnen ze léisen. Mir mussen als éischt mol d'Iwwerliewe vum Betrib a vun den Aarbechtsplaze garantéieren. Dofir ass de Chômage partiel eng exzellent Mesure."

Fir d'Resultater vun den Entreprisen ze rette wier awer méi komplizéiert.

Hëllef fir d'Betriber

E Méindeg hat d'Regierung annoncéiert, datt den Delai fir d'Steieren ze bezuelen op de 15. Mee geréckelt gëtt, an datt d'Cotisation socialen ausgesat ginn.

E Freideg hat d'Chambre de Commerce hir Mesure fir d'Mëttelbetriber annoncéiert. Deemno sollen d'Konditioune vun der Mutualtiéit de Cautionnement ugepasst ginn.

Fir datt e Betrib, dee Liquiditéitsschwieregkeeten huet, weider Sue bei enger Bank ka léinen, iwwerhëlt d'Mutualitéit elo 50 Prozent vun engem maximale Prêt vu 250.000 Euro.

Bis elo hätten nach net vill Betriber matgedeelt, datt hir Produktioun komplett erofgefuer wier, well se keng Produite méi erakritt hätten, erkläert den Tom Theves. Hie wëllt awer net ausschléissen, datt d'Situatioun nach méi komplizéiert kéint ginn.

Reegele fir Télétravail adaptéiert

Fir d'Ausbreedung vum Coronavirus ze limitéieren hat d'Regierung den Entreprisen ënner anerem proposéiert op den Télétravail zeréckzegräifen, souwäit et méiglech ass. Ma hei ginn et jee no Land verschidde Limitatiounen.

Fir déi Däitsch Frontaliere gëllt normalerweis eng Limitt vun 19 Deeg fir den Télétravail, fir déi franséisch Grenzgänger sinn et der 29 a fir déi belsch 24 Deeg.

Gëschter Owend huet de Finanzministère schonn en Accord mat der Belsch annoncéiert. Deemno fält all Télétravail, deen an der Zäit vun der Coronavirus-Pandemie gemaach gëtt, net ënner dës Reegelung.

D'Entreprise kéint den Télétravail allerdéngs net imposéieren, esou d'Nadine Welter vum Aarbechtsministère, an de Salarié kéint dat och net exigéieren. "Mee mir encouragéieren natierlech Patronen dozou, sou vill wéi méiglech drop zeréckzegräifen." Den Aarbechtsministère géif en Appell un de "Bon sense" vun de Patronen, wéi och vun de Leit maachen.

Ee Patron kann e Salarié allerdéngs suspendéieren, wann e Verdacht vun enger Infektioun mam neiaartege Coronavirus besteet. An dësem Fall misst awer d'Entreprise fir de Salaire opkommen.