Fir d’Rentrée am Hierscht soll de neie Seminaire offiziell opgoen. Bis elo wären sechs Leit aus europäesche Länner “awer och vu méi wäit” dofir rekrutéiert ginn, esou de Generalvikar. Si solle “während fënnef, sechs oder siwe Joer” zu Lëtzebuerg ausgebilt ginn, an och d’Lëtzebuerger Sprooch léieren.
Nieft Problemer mam Rekrutement vu neie Paschtéier, hätt d’Lëtzebuerger Kierch a läschter Zäit awer och “eng Partie ganz gutt Geeschtlech verluer”. Dat wär eng “traureg Wierklechkeet, der ee muss an d’An kucken,” esou de Leo Wagener. D’Departen wären deelweis drop zréckzeféieren, datt d’Leit net méi bereet si sexuell enthalsam ze liewen. Dat wär awer nëmmen ee Facteur: Och grouss Ëmbréch bannent der Kierch an an der Gesellschaft allgemeng géifen eng Roll spillen.
D’Zuel vun de Poren geet däitlech zréck
Fir op de Personalmangel ze reagéieren schrauft d’Kierch och d’Zuel vun de Poren zréck: Vun e Samschden un ginn et just nach 33 gréisser Poren uechter d’Land. Bis elo, waren et 274 méi kleng Poren. De Generalvikar seet et géing bei dëser Territorialreform drëms goen “Kräften zesummenzeleeën”, well déi “kleng Gemeinschaften an den Dierfer net méi staark genuch sinn”. Donieft géing d’Kierch och eng nei finanziell Situatioun kréien, well se hiert Personal an Zukunft muss selwer bezuelen. D’Moyenen wären doduerch “méi limitéiert”.
D’Kierch wéilt awer och “d’Proximitéit zu de Leit net verléieren”. Dofir sollen et an deene méi grousse Poren weiderhin Plaze ginn “wou verbindlech, ëmmer zu deene selwechten Zäiten Mass ass”. Donieft sollen awer och an den Dierfer lokal Ekippen als Uspriechpartner bestoe bleiwen.
Fir Leit déi manner mobil sinn, wär et awer “net méi garantéiert datt se an Zukunft kenne Sonndes regelméisseg an e Gottesdéngscht goen.” Dat wär e “grousse Problem,” esou de Leo Wagener. D’Lëtzebuerger Kierch géif sech et “eppes kaschte loossen” fir Gottesdéngschter op der Tëlee an um Radio ze iwwerdroen. Donieft géifen et och Geeschtlecher a Laien-Ekippen ginn, déi bei d’Leit heem ginn – dat wär e Service deen nach kéint “ausgebaut ginn”.