Radioen

On air

De Moien  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Businessplang vu Luxgovsat ass bis elo net opgaangen

Satellitten

De Businessplang vu Luxgovsat ass bis elo net opgaangen

Virun zwee Joer gouf de Satellit fir militäresch Kommunikatiounszwecker GovSat-1 lancéiert. Elo stellt sech eraus, datt dem deemolege Verteidegungsminister Etienne Schneider seng Iddi, fir d'Militärdepensen am Kader vun de NATO-Verpflichtungen a Wirtschaftsfërderung ze verwandelen, net opgeet wéi geplangt. Ouni de GovSat wieren d'NATO-Virgabe wäit verfeelt ginn. Mee d'Bedreiwerfirma LuxGovSat huet bis ewell kee Client ausser déi Lëtzebuerger Regierung. LuxGovSat ass e Public-Private-Partnership tëschent dem Staat an der Satellittegesellschaft SES, wat méi wéi ee Problem mat sech bréngt.

auto_stories

3 min

"T'ass net déi grouss Rakéit, déi gestart ginn ass", versicht de François Bausch d'Situatioun mat Humor ze huelen.

An déi ass esou: De GovSat-1 huet 225 Milliounen Euro kascht. De Staat huet wéi d'SES 50 Milliounen Euro Kapital an d'Bedreiwergesellschaft LuxGovSat gestach. Donieft bezilt de Staat 117 Milliounen Euro a kritt dofir zéng Prozent vun der Transponder-Kapazitéit fir zéng Joer. Fir déi aner 90 Prozent gëtt et bis ewell kee Client, wéi de Patrick Biewer, CEO vu LuxGoVSat zougi muss.

Hie schwätzt an deem Kontext vun "enger Rei Retarden".

Kompetitiivt Ëmfeld

Hien hofft dëst Joer opzehuele par Rapport zu den eegenen Objektiver a lafenden Negociatioune fir Kontrakter ofzeschléissen.

Mee wéi de Projet 2014 an der Chamber gestëmmt gouf, hat den deemoolge Verteidegungsminister Etienne Schneider e Rendement vun 12 Prozent versprach. Hien hat de Businessmodell vum Public-Private-Partnership verteidegt a vun engem enorme Besoin fir geséchert Kommunikatiounskapazitéite geschwat, déi Lëtzebuerg iwwer de GovSat zerwéiere kéint. Do hat ee sech wuel verschat.

De Patrick Biewer seet, et hätt een et mat engem relativ kompetitiven Ëmfeld ze dinn, an deem an de leschte Joren och aner Regierunge mat eegene Satellitteprogrammer Fouss gefaasst hunn. Dat géif awer net heeschen, datt et keng Demande méi géif ginn.

Cliente mussen internationaalt Recht anhalen

De LuxGovSat muss als privatrechtlech Firma bei Ausschreiwungen matmaachen an déi gewannen, amplaz datt d'Regierung tëschestaatlech Kontrakter mat Partnerlänner negociéiere kéint, hat de François Bausch d'lëscht Woch erkläert.

Dobäi kënnt, wéi de Patrick Biewer seet, datt LuxGovSat just Cliente kann unhuelen, déi internationaalt Recht anhalen.

D'lescht Joer wier de Chiffre d'Affaires geklommen, esou de CEO vu LuxGovSat. Déi Entwécklung hänkt awer och um Kontakt mam Staat. Wann dee beispillsweis der NATO am Afghanistan oder deemnächst der UNO am Mali seng Kapazitéite léint. Fir d'Transponderkapazitéit vum Satellit bleift d'Regierung trotzdeem mat hiren zéng Prozent eenzege Client.

D'lescht Woch sot de François Bausch: "Mir hunn déi zéng Prozent mol nach net ënnerbruecht."

Kritik vun déi Lénk

D'Regierung wier verzweiwelt, stellt de Marc Baum, Deputéiert vun déi Lénk, fest, nodeems d'lescht Woch an der Chamberkommissioun iwwer de GovSat rieds goung. Lo wou den deiere GovSat do wier, an dat am Public Private Partnership mat der SES, misst e rentabiliséiert ginn.

"Dat heescht Lëtzebuerg fänkt un, doduerch datt mer eng ekonomesch Ofhängegkeet entwéckelt hunn, duerch verschidde Projeten , händeringend international Krisen opzesichen, fir do da wéi Tupperware déi Kommunikatiounskapazitéiten unzebidden. Dat ass eng komplett geféierlech Entwécklung, menge mir."

Déi wier och am Widdersproch mat deem, wat déi Lëtzebuerger Aussepolitik bis ewell ausgemaach hätt, esou de Marc Baum weider. Iwwer dee Wee géif d'Land riskéieren an all Zorten international Konflikter eragezunn ze ginn.

D'Regierung géif iwwerleeë fir den Undeel vun de genotzten Transpondercapacitéiten op 30 Prozent eropzesetzen, "fir ze kucken, datt de Rendement fir d'SES stëmmt", wéi de Marc Baum seet. Déi zousätzleche Capacitéite wéilt d'Regierung fir d'Entwécklungshëllef benotzen.

Dobäi géifen ONGen ëmmer virdru warnen, fir Developpement an Defense ze vermëschen, seet de Marc Baum.