D'Sophie int'Veld schwätzt konkret vun enger Firma, déi zu Lëtzebuerg domat beoptraagt gouf, déi nei Direktiv ëmzesetzen an domat de System vun der Datespäicherung opzebauen. Conztanz heescht dës Entreprise mat Sëtz zu Paräis. Si offréiert den Airlinnen hir Hëllef fir d'Potential vun de gespäicherten Daten ze entdecken. "Unleash your PNR Data", sou d'Opfuerderung am Internet.
De Virdeel vun deenen Donnéeë wier deene meeschten Airlinnen net bewosst, sou Conztanz. Eng hausintern Analys hätt gewisen, datt een doduerch de Passagéier besser kenneléieren an esou seng Servicer besser verkafe kann.
D'Sophie int'veld ass domat net averstanen. D'Airlinnen hätten déi Donnéeën eigentlech nëmme gesammelt, fir Passagéier ze transportéiere, a si dierften déi Donnéeën net einfach verkafe "wéi et hinne passt". Hei géif de But vun der Direktiv mëssbraucht, sou d'Europadeputéiert.
Sophie int'Veld fuerdert Erklärunge vun der EU-Kommisioun
Den Zweck vun der Direktiv wier et fir Sécherheet ze schafen an net fir se fir kommerziell Zwecker ze benotzen. An enger schrëftlecher Fro un d'Europäesch Kommissioun wëllt d'Hollännerin elo wëssen, ob d'Firmen, déi an anere Länner domat beoptraagt goufen, de System vun der Datespäicherung opzebauen, genee esou virginn, an op dat konform mat der Dateschutzrichtlinn ass.
Si wëllt och wëssen, mat wéi engem Recht déi Firmen dës Donnéeë verschaffen, wéi esou privat Donnéeë geschützt sinn, a wie firwat Zougrëff op dës Daten huet. Zu Lëtzebuerg ass déi nei Direktiv iwwer d'Rechter vun de Passagéier zanter dem 20. August zejoert a Kraaft.