Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Cabinet vum Dr. Menasse

Theater

De Cabinet vum Dr. Menasse

Wat ass d'Gléck a wou ass d'Gléck an eiser aktueller Gesellschaft? De Kasemattentheater bréngt e Stéck vum Charles Meder op d'Bühn, dat sech mat dëser Thematik ausenanersetzt. D'Ëmsetzung vum "De Cabinet vum Dokter Menasse" vun der Theaterregisseurin Angelika Zacek huet d'Valerija Berdi awer net ganz glécklech gemaach.

auto_stories

3 min

De Charel Meder schéckt seng Protagonisten och op d'Sich nom Gléck oder op d'mannst no der Erklärung vun dësem esou mënschleche Begier. Soll een, muss een a virun allem däerf ee glécklech sinn a wou ass dëst Gléck ze fannen? An enger Welt, an där de Klimawandel esou vill Leit an de Misär stierzt, an enger Welt, déi net ouni Kricher auskënnt? An engem Lëtzebuerg, deem et dach esou gutt geet, dierf een do ewech kucken, wa Mënschen Dag fir Dag am Mëttelmier erdrénken, well si d'Gléck bei eis a Westeuropa sichen? A kann ee sech iwwerhaapt an esou Mënschen erafillen?

Froen, déi hei opgeworf ginn, beschäftegen d'Mënsche schonn zanter hirer Existenz. Déi ganz Philosophie- a Literaturgeschicht ass voller Froen no der Bedeitung vum vollkommene Gléck, engem Zoustand, dee permanent ugestrieft a seelen erreecht gëtt.

"wer-wie-was ..."

Esou sinn och déi dréi Protagonisten op der Bühn vum Kasemattentheater op der Sich no dësen Äntwerten, ob dëst Gléck op eiser Äerd ze fannen ass oder vläicht iergendwou an der Zukunft op engem anere Planéit.

D'Nora König, d'Elsa Rauchs an den Timo Wagner diskutéieren, stelle Froen, stelle sech a Fro an aus dem Off kënnt ëmmer erëm eng Stëmm, déi mol philosophesch, mol wëssenschaftlech, mol statistesch Äntwerte gëtt. Äntwerten, déi déi dräi Protagonisten awer net zefridde stellen. Dertëschent ëmmer erëm erkléngt d'Musek aus der Sesamstrasse an déi dräi hopsen a sprangen a sange "wer-wie-was ..."

D'Äntwerte verursaache Bauchwéi, Mokrämp, vläicht och Moschwieren, an déi passe jo net an eis Welt, wou Charakterstäerkt, Determinatioun a Gesondheet d'Facteure sinn, déi eis jo awer glécklech maachen.

Langweileg zweet Hallschent mat ville Widderhuelungen

Mat Musek, Videoprojektiounen, engem Astronaut a Statistike gëtt d'Sich nom Gléck ënnermoolt. An dat war et dann och. Ëmmer erëm - dat ass de Fazit vun dëser Ëmsetzung. Déi éischt Hallschent ass nach iergendwéi interessant, originell an dann iergendwann huet ee just nach den Androck vun der Widderhuelung, vun engem permanente sech am Krees dréien, esou wéi déi dräi ëmmer erëm am Krees ronderëm hopsen a sange "wer-wie-was ...", esou wéi d'Fro nom Gléck zanter der Mënschheet ronderëm dréit an net weiderkënnt, esou kënnt de Cabinet vum Dr. Menasse och net virun.

Hält dat Gebläers ni op?

An dann extrem schwaach Momenter, wou ee sech wierklech freet, wat well een eis do soen? Wann den Timo - d'Protagonisten hunn am Stéck hir reell Virnimm - de Kapp an eng Biitche stécht fir ze kucken, ob een nofille kann, wéi et ass am Mëttelmier ze erdrénken an d'Nora him de Kapp dann och ganz laang an déi puer Drëpse Waasser hält oder wann op der Bühn esou gebläert gëtt, datt ee mat Momenter kee Wuert versteet - iwwerhaapt dat Gebläers ouni Sënn op de Lëtzebuerger Theaterbühnen, hält dat ni op?

Keng Dramaturgie an inexistent Bühnebild

Och wann een der Elsa Rauchs, der Nora König an dem Timo Wagner u sech bal näischt reprochéiere kann, sou huet de Cabinet vum Dokter Menasse e fatzegen Hauch vun engem Duerftheater. Datt een d'Bühnebild ganz spartanesch hale kann, ass kee Verbriechen, mee wann et inexistent ass, da kënnt e Gefill vun Noléissegkeet op - op alle Fall an dësem Stéck.

Sloganen iwwer d'Visiounen, iwwer d'Zukunft 4.0, iwwer d'Bruttonationalgléck an all senge Forme sinn am Ufank nach witzeg, mee et gëtt keng Entwécklung, weder an der Sprooch nach am Oflaf. Alles ass ouni Struktur, ouni roude Fuedem, ouni Linn, ouni Spannung - ergo ouni Dramaturgie. An d'Messagen, där sinn der genuch dran - si weder nei nach iwwerraschend. Éischter moraliséierend, flaach a kollidéiere just ganz dacks mat der Trivialitéit.

Ech op alle Fall hunn ech mäi Gléck am Cabinet vum Dokter Menasse net fonnt ...