Radioen

On air

Kultur um 5  |  The Roots Feat. Erykah Badu & Eve - You Got Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Christian Schleck ass kee Märtyrer fir d'Gewerkschaftsfräiheet

Chronik

De Christian Schleck ass kee Märtyrer fir d'Gewerkschaftsfräiheet

Zanter November taucht déi sougenannten Affär Christian Schleck ëmmer nees an den Noriichten op. Uniforméiert oder net - antëschent hunn der vill den Iwwerbléck verluer, wourëms et iwwerhaapt geet. De Christian Schleck ass awer net dee Märtyrer vun der Gewerkschaftsfräiheet, als dee seng Kolleegen hie gären duerstellen, mengt Michèle Sinner.

auto_stories

4 min

Fir et kuerz ze zortéieren: De Spal ass d'Gewerkschaft vun der Arméi. De Christian Schleck ass hire President an e schafft am Rekrutementsbüro BIA an der Stad. Nieft dem Spal gëtt et d'Policegewerkschaft SNPGL. Zesumme bilde si de Syndikat vun de Forces Publiques SPFP, do ass de Polizist Pascal Ricquier President. Iwwer deem SPFP steet d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP.

Wéi ee Poste fir de Christian Schleck?

Op där aner Säit vum Konflikt steet den Alain Duschène, Chef d'Etat-major, also de Chef vun der Arméi. Dee wollt, wéi hie seet, méi jonk Leit an der Rekrutementsbüro schécken, an dofir de Christian Schleck op en anere Poste versetzen, obwuel deen net Demandeur war. Hie krut e Posten zu Dikrech proposéiert. Dëse Poste wollt de Christian Schleck aus Zäitgrënn net an dat huet hie senge Virgesate gesot. Doropshi gouf him en anere Poste proposéiert, um Bureau d'ordre auxilliaire an der Stad.

Datt de Christian Schleck dëse Posten net wollt, huet hien net gesot. Hien ass an d'Formatiounen gaangen, fir sech op dee Posten ze preparéieren en attendant, datt de Verteidegungsminister François Bausch deen Ziedel ënnerschreift, duerch deen dat ganzt Personalkarussell bei der Arméi fir déi nächst puer Joer dréit.

De Minister zitt d'Brems

Nach virdrun awer huet den SPFP de Récktrëtt vum Alain Duschène gefuerdert, well déi geplangte Versetzung de Christian Schleck géif u senger Gewerkschaftsaarbecht hënneren. D'CGFP ass mat no vir geprescht an huet ugekënnegt, d'Gewerkschaftsfräiheet bis op de Bureau international du travail zu Genève verteidegen ze goen.

De Verteidegungsminister huet d'Handbrems gezunn. Wéi déi ganz Procédure formal ugelaf war an de Christian Schleck och formal protestéiert hat, huet de François Bausch decidéiert, de Christian Schleck dierft bleiwen, wou hie wier, fir datt Rou géif herrschen.

Mee de François Bausch huet sech verrechent. D'CGFP gesäit zwar kee Besoin méi fir Aktiounen. Dofir wëllt den SPFP awer elo eleng bis op Genève. Den Alain Duschène soll zerécktrieden a sech ëffentlech beim Christian Schleck entschëllegen, well deem seng Éier geschiedegt wier.

Et geet net ëm Gewerkschaftsfräiheet

Spéitstens elo gëtt kloer, datt den SPFP de Begrëff vun der Gewerkschaftsfräiheet e bësse ze wäit deent. Schliisslech war et den SPFP selwer, deen d'Affär mat der Récktrëttsfuerderung géint den Alain Duschène ëffentlech gemaach an domat dem Christian Schleck seng Éier a Gefor bruecht huet, an net den Alain Duschène.

Dem Alain Duschène kann ee virwerfen, datt hie sech uschmiere gelooss huet: hien huet gemengt, wann de Christian Schleck net géif protestéiere wéi bei der éischter Propos a sech géif preparéieren, wier hien averstanen.

Bis haut ass deen SPFP awer d'Äntwert schëlleg, wouduerch genee d'Gewerkschaftsfräiheet vum Christian Schleck op där neier Plaz ageschränkt ginn wär. Do souz, net ze vergiessen, bis elo e Gewerkschaftskolleeg aus dem Spal-Comité.

Am Fong huet sech den SPFP selwer iwwerféiert a bewisen, datt et an der ganzer Affär manner dorëms goung, d'Gewerkschaftsfräiheet ze verteidegen, wéi dorëms, datt de Christian Schleck säi Poste wollt halen, wärend aner Zaldoten a Rotatioun sinn.

En Zeeche vu Selbstiwwerschätzung

An dat ausgerechent mat Hëllef vum Christian Schleck sengem Affekot. Deen hat de Spal-Membere geschriwwen, am SPFP-Comité wier schonn am Mee diskutéiert ginn, dem Alain Duschène säi Récktrëtt ze fuerderen, wann de Christian Schleck versat géif ginn. Dee Moment hat deen awer weder mat der ganzer Prozedur ze dinn, nach war den neie Poste proposéiert. Den Alain Duschène konnt also dee Moment kaum Feeler gemaach hunn, déi e Récktrëtt an dëser Affär erfuerdert hätten.

Elo muss de Christian Schleck net réckelen, obwuel esouguer de CGFP-President muss zouginn, datt et an der Arméi nach aner Poste gëtt, op deenen een als Gewerkschaftler schaffe kann. Déi zentral Gewerkschaftsfuerderung ass also méi wéi erfëllt. Datt den SPFP ouni grousse Brudder CGFP weider wëllt streiden, ass net just en Zeeche vu Selbstiwwerschätzung, mee och vu schlechtem Wëllen.