Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jon Hassell - Empire III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Christian Schleck ass net strofversat ginn"

Arméigewerkschaft

"De Christian Schleck ass net strofversat ginn"

Et wier richteg, datt den SPAL-President Christian Schleck am Dokument vu sengem Entretien individuell festgehalen hätt, datt hien net Demandeur fir en neie Posten wier, seet de Chef d'État-Major Alain Duschène. Den Christian Schleck wier awer net strofversat ginn, wiert den Alain Duschène sech géint d'Virwërf vun der Arméigewerkschaft an hirem Daachverband SPFP.

auto_stories

1 min

Ausléiser fir seng Versetzung wier, datt d'Arméi de Christian Schleck am Rekrutementsbureau duerch méi jonk Mataarbechter wéilt ersetzen, well déi Leit, déi se rekrutéiere sollen, och jonk sinn.

De Christian Schleck hätt och an engem Mail säin Interessi um Posten am Bureau d'ordre auxillière (BOA) an der Stad ugemellt an dat och an engem Telefonsgespréich mam zoustännege Colonel aus dem Personalbureau confirméiert. Well deen neien Organigramm vun der Arméi eréischt den 9. Dezember vum Minister ënnerschriwwen gi wier, géif déi formal Prozedur fir d'Versetzung haut eréischt ugoen.

Den Christian Schleck hätt elo bis den 24. Dezember Zäit, seng Observatiounen eranzeginn. Dono géif gekuckt ginn, ob se zoulässeg wieren oder net. Wann net, géif de Minister en Arrêté huele fir de SPAL-President an den BOA se versetzen.

Den Alain Duschène seet iwwerdeems, datt Leit aus alle Räng an och Zivilpersonal hie géife froen, net ze demissionéieren. Et géif och eng Ënnerschrëftenaktioun an deem Sënn ënner de Mataarbechter lafen.


De ganzen Interview mam Alain Duschèneplay_arrow