Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aldous Harding - The Barrel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Christian Schleck dierf op sengem Poste bleiwen

Arméi

De Christian Schleck dierf op sengem Poste bleiwen

De President vun der Arméis-Gewerkschaft Spal, de Christian Schleck, däerf op sengem Posten am Rekrutementsbüro vun der Arméi bleiwen a gëtt bis op Weideres net versat. Dat confirméiert den Arméi-Minister François Bausch. De Christian Schleck hätt seng Bedenke géint seng Versetzung an de Bureau d'ordre vun der Arméi am Delai eraginn. Doropshin hätt de Minister dës Decisioun geholl, obwuel hie sech eng Partie Froen iwwer den Oflaf an der Affär stellt.

auto_stories

1 min

De Christian Schleck, President vun der Arméisgewerkschaft Spal

De Christian Schleck soll sech elo awer ausschliisslech ëm de Kontakt mat Rekrutte këmmeren a keng Aufgabe méi an der Kommunikatioun vun der Arméi iwwerhuelen. Onofhängeg vum Fall Schleck géif de Rekrutement bei der Arméi iwwerduecht, well d'Arméi Problemer hätt, fir déi néideg Leit ze rekrutéieren, sou den Arméisminister. Bis dohi géif de Christian Schleck also op sengem Poste bleiwen. De François Bausch seet, iwwerzunne Fuerderungen, wéi déi nom Récktrëtt vum Chef d'Etat-major Alain Duschène, oder Ukënnegungen, datt ee bis virun de Bureau international du travail geet, missten elo ophalen. D'CGFP hat gesot, si géif mam Dossier Schleck bis virun de BIT goen, wann de President vun der Arméisgewerkschaft versat géif.