Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Kuba erëm...

Fotografie

Vu Kuba erëm...

Als Ingenieur huet hie Pläng fir Héichiewen entworf, mee no fënnef Joer huet hien dee Beruff opgi fir zu Bréissel Fotografie ze studéieren. Haut gehéiert den Yvon Lambert mat zu de bekanntste Fotojournaliste a Lëtzebuerg. Nodeems hien an der Lescht vill am Ausland ausgestallt huet, weist hien elo eng Serie vu Kuba-Fotoen an der Galerie Clairefontaine.

auto_stories

3 min

D'Kubaner hunn et dem Yvon Lambert no net immens gutt. A sengen Aen sollten d'Europäer ënnert anerem um kulturelle Plang méi mat Kuba zesumme schaffen.

De Barack Obama hätt de Schrëtt a Richtung Kuba gewot. Mee dem neien US-President Donald Trump traut den Yvon Lambert zou, éischter nees Maueren opzebauen. Do gesäit de Lëtzebuerger Fotograf schwaarz, oder éischter schwaarz-wäiss. Sou presentéiert sech Kuba nämlech op senge Fotoe vun 1996, 1997 an 2000: Zäitlos, nostalgesch schéin an net jäizeg oder touristesch.

Eng Plaz net aus den Ae verléieren

Fir den Yvon Lambert gehéiert de Suivi vun engem Thema zum fotografeschen Éiergäiz: Den napolitanesche Wanter 1991 war säin éischte grousse Projet no der Ausbildung. Zanterhier war hien eng Dose Mol zeréck an Italien. Rumänien huet hien iwwer zéng Joer am Bild festgehalen. A Japan war hie siwe Mol a géif gären d’nächst Joer nach emol dohinner reesen.

Bei sengen dräi Reesen op Kuba huet hien missen oppassen net an de Klischee ze verfalen: Den tropesche Klima an déi schéi Landschaften op der Karibikinsel géifen och ee Fotograf séier derzou verféieren. Mä genee dat wier awer net seng Demarche, betount den Yvon Lambert: Hie wëll aus de Fotoen erausspiere, wéi d'Leit liewen an ëm wat et hinne geet.

Schwaarz-wäiss, mee nuancéiert

D’Kontraster, also zum Beispill Liewensfreed a Fragilitéit, hunn den Yvon Lambert während senge Méint op Kuba am meeschte markéiert. De Gros vun de Fotoe sinn am populäre Quartier vun Havanna entstanen, wou dem Fotograf all Méigleches virun d’Lëns gelaf ass.

Zum Beispill fotograféiert hie Kanner, déi sech riseg iwwert de Ree freeën. Oder eng Tëlee, op der flou de Fidel Castro flimmert, uewendrop eng Vase mat Blummen, déi nach am Plastik sinn. Oder nach en Aarbechter mat engem iwwerdimensionalen Che Guevara op sengem T-Shirt-Réck, dee Plättercher a Schachbrietmuster an enger Dusch leet.

Den Ausgankspunkt ass fir den Yvon Lambert bei all Fotorees deen nämmlechten: D'Leit kenne léieren.

Politik a Geschicht

Den Yvon Lambert beschreift Kuba als ee Land mat enger "immenser politescher Geschicht", wou ee stänneg historesche Referenzen iwwert de Wee leeft. Hien ass iwwerzeegt, datt verschidde Leit seng Fotoen als ee politesche Statement interpretéieren. Mee him géif just drëms goe fir Diskussiounen iwwert Kuba ze féieren.

Fir seng Fotoen ze maachen, hätt hie keng Problemer gehat. 1997 war hie fir d'zweet a Kuba, wéi a Bolivien d'Rechter vum Che Guevarra a senge Companione fonnt gi sinn, an déi dann op Havanna rapratriéiert gi sinn. Fir d'Manifestatioune ze fotograféieren, hat den Yvon Lambert eng Pressekaart an doduerch fräien Accès. An och spéider, wéi hien ouni offiziell Autorisatioun geschafft huet, hätt hien ëmmer fräi kënne schaffen.

Kuba vs. Kierchbierg

Do wier et hei am Land heiansdo méi schwiereg fir ee Fotograf. Zum Beispill huet den Yvon Lambert am Optrag vum "Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Plateau de Kirchberg" (FUAK)" Foto vu Gebaier um Kierchbierg gemaach.

"Do sinn ech praktesch all Dag mat engem Fotoapparat iergendwou ronderëm Gebaier getrëppelt, dann op eemol ass ee gelaf komm an ech hu mech missten ausweisen. Um Kierchbierg ass et méi komplizéiert wéi a Kuba."

D'Faarwe vum Éislek

Den Yvon Lambert ass net dacks am Grand-Duché. Mee hien huet während enger Kënschtler-Residence bei der "Cité de l’image" zu Klierf d’Aarbecht "On Vacation" an Ugrëff geholl: Ee Projet iwwert den Tourismus am Éislek. D’Resultat ass ganz faarweg.

Well den Yvon Lambert associéiert mat Tourismus mat der Virstellung vu Leit, déi sech effektiv wéi Touriste kleeden. An dobäi kënnt fir hien automatesch d'Faarf an d'Spill, well domadder kéint ee vill méi soe wéi am Schwaarz-Wäissen. Op Kuba huet hien net mat Faarwe geschafft: Dat wier "ze vill exotesch ginn".